Op den Inhalt sprangen

Doum vu Pisa

Vu Wikipedia
Doum vu Pisa
Geographesch Donnéeën
Land Italien
Gemeng Pisa
Strooss Piazza del Duomo
Koordinaten 43°43'23,855"N, 10°23'43,807"O
Donnéeë vum Gebai
Material Steen
Fläch 2.000
Datum vum Bau 1064 (julianesch)
Genannt no Maria, Léiffrawëschdag
D'Westfassad.

Den Doum vu Pisa (Italieenesch: Duomo di Pisa, offiziell Cattedrale di Santa Maria Assunta) ass eng Kierch zu Pisa, zu där de weltwäit bekannte Schifen Tuerm vu Pisa gehéiert. Et ass d'Kathedral vum Äerzbistum Pisa a steet op der Piazza del Duomo, déi gréisstendeels aus Wues besteet, an op där och e Baptisterium, de Camposanto Monumentale (e Kierfecht) an de Campanile ("de Schifen Tuerm vu Pisa") sinn. Déi Plaz gouf vum Dichter Gabriele d'Annunzio Piazza dei Miracoli ("Plaz vun de Wonner") genannt; en Numm dee se bis haut behalen huet.

Doum, Campanile, Baptisterio a Camposanto goufen als Ensembel vun der Unesco als Weltkulturierfschaft klasséiert.

D'Gebai ass am romanesche Stil (mat byzantineschen Aflëss), a gouf vun 1063 oder 1064 un ënner der Leedung vum Architekt Buscheto, an dono dem Rainaldo, gebaut. De Poopst Gelasius II. huet et 1118 geweit, och wann en dunn nach net fäerdeg war. Et ass no der Opnam vum Maria an den Himmel genannt.

D'Fassad besteet aus véier Reie vu klenge Sailen iwwerteneen.

Trotz enger Bauzäit vun iwwer 200 Joer gouf mam duerchgängegen Asaz vum selwechte Baumaterial Carrara-Marber an enger eenheetlecher Fassad en zesummenhänkend Bild geschaaft. Den Doum war d'Virbild fir de Bau vu spéidere Kathedralen, wéi z. B. déi vu Florenz a vu Siena. En huet joerhonnertelaang als dee monumentaalste Bau vun der chrëschtlecher Geschicht gegollt.

De Keeser Heinrich VII. gouf do begruewen, säi Grafmonument vun 1315 gouf vum Tino di Camaino sculptéiert.

 Commons: Doum vu Pisa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]