Dräikeeserjoer

Vu Wikipedia

Als Dräikeeserjoer gëtt d'Joer 1888 an Däitschland bezeechent.

Nofollger vum Wilhelm I., deen den 9. Mäerz zu Berlin gestuerwen ass, gouf säi Jong, de Friedrich III. Deen ass awer schonn, no 99 Deeg Regentschaft, de 15. Juni zu Potsdam u Kehlkopfkriibs gestuerwen. De selwechten Dag gouf säin eelste Jong Wilhelm II. däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen.

Bannent nëmmen dräi Méint hunn deemno dräi Generatiounen Däitschland regéiert. Déi dräi Männer sinn och déi eenzeg Keesere vum Däitsche Keeserräich, dat nëmme vun 1871 bis 1918 bestanen huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]