Dräilännereck
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen

Lëtzebuergesch-belsch-franséischen Dräilännereck bei Rodange.

Lëtzebuergesch-däitsch-franséischen Dräilännereck un/an der Musel bei Schengen.

Lëtzebuergesch-belsch-däitschen Dräilännereck op der Our.
Fréiere belsch-lëtzebuergesch-preiseschen Dräilännereck op der Schmëdd, ëm 1910.
En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vum selwechte Rang an domat och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen,...) openee stoussen.
D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovun, wéi vill Miergrenzen do sinn.
Sou huet zum Beispill Éisträich 9 Dräilännerecken, Däitschland der 7, d'Schwäiz der 6 a Frankräich der 4. Lëtzebuerg huet der 3, Dänemark a Portugal dogéint keen eenzegen.
Lëtzebuerger Dräilännerecken haut (no 1919)[änneren | Quelltext änneren]
- Belsch-Frankräich-Lëtzebuerg, bei Éibeng (Aubange), Mäertesbierg (Mont-Saint-Martin) a Rodange;
- Däitschland-Belsch-Lëtzebuerg, bei Sevenig, Ouren a Léiler;
- Frankräich-Däitschland-Lëtzebuerg, bei Opech (Apach), Perl a Schengen. Wéinst dem däitsch-letzebuergesche Kondominium gëtt awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch léich en op der Spëtzt vun der lénkser Ausfaartsmauer vun der Opecher Schleis.
Lëtzebuerger Dräilännerecke fréier (virun 1919)[änneren | Quelltext änneren]
Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, gëtt et sou, wéi mer se haut kennen, eréischt zanter 1919:
- Als Folleg vum Éischte Weltkrich goung Elsass-Loutrengen vun Däitschland hannescht u Frankräich. Virdru war den Däilännereck mat Frankräich bei Bieles (do, wou haut d'Limite vun den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle u Lëtzebuerg stéisst).
- Och op der Nordgrenz gouf et Ännerungen, wéi Territoirë vu Preisen un d'Belsch goungen. Virdru war den Dräilännereck op der Schmëdd (Koordinaten: 50° 10’ 58’’ N 06° 01’ 29’’ O).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Traité vu Versailles
- Dräilännereck bei Ouren
- Dräilännereck bei Schengen
- Dräilännereck bei Rodange
- Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg tëscht Gemmenich (B), Vaals (NL), a Reinartzkehl, Oochen (D)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Dräilännerecken – Biller, Videoen oder Audiodateien |