Drësseg
Ausgesinn
| 30 | |
|---|---|
| Drësseg | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, abundant Zuel, Harshad-Zuel, gerued Zuel, Rechteckzuel, zesummegesat Zuel | |
| Virgänger | Nénganzwanzeg |
| Nofollger | Eenandrësseg |
| Ordinalzuel | drëssegst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2, 3, 5 |
| Deeler | 1, 2, 3, 5, 6, 10, 15, 30 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | XXX |
| Binär | 11110 |
| Oktal | 36 |
| Duodezimal | 26 |
| Hexadezimal | 1E |
|
| |
Déi natierlech Zuel Drësseg (30) ass d'Nofollgerin vun der Nénganzwanzeg an d'Virgängerin vun der Eenandrësseg. Et ass eng gerued Zuel.
Mathenatik
[änneren | Quelltext änneren]D'Drësseg ass eng abundant Zuel, well d'Zomm vun den Zuelen duerch déi se sech deele léisst, Deeler genannt, (1, 2, 3, 5, 6, 10 a 15 = 42 > 30) méi grouss ass wéi se selwer.
Dat réimescht Zeeche fir d'Drësseg ass XXX. Am Binärcode gëtt 30 als 11110 geschriwwen.
Et ass keng Primzuel.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- De Messier 30 (och NGC 7099 genannt) ass e helle Kugelstärekoup am Stärebild Capricornus (Steebock).
Chimie
[änneren | Quelltext änneren]- Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Drësseg d'Uerdnungszuel vum Zénk.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]Den Drëssegjärege Krich war ee vun de längsten an destruktiivste Kricher, a gläichzäiteg ee vun de Reliounskricher an der Geschicht vun Europa, bei deem déi meeschte Leit gestuerwe sinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Drësseg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
