Draco-Zwerggalaxis

Vu Wikipedia
Draco-Zwerggalaxis
Foto opgeholl vum Hubble weist d'Zentralgebitt vun der Draco-Zwerggalaxis
Stärebild Draco (Dra)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 17h 20m 06s
Deklinatioun + 57° 55' 00"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz dE0; Peculiar; Dwarf
Visuell Magnitude + 9,9 mag mag
Wénkelduerchmiesser 51/31
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) ~ 280.000 Lj
Absolut Hellegkeet - 9 mag
Absolutten Duerchmiesser zirka 3000 bis 3500
Geschicht
Entdecker Albert G. Wilson
Entdeckungsdatum 1954
Entdeckungsplaz Lowell-Observatoire
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
PGC 60095
UGC 10822

D'Draco-Zwerggalaxis ass eng elliptesch Zwerggalaxis, gehéiert zu der lokaler Grupp an ass e Begleeder vun der Mëllechstrooss op enger Distanz vun 280.000 Liichtjoer. D'Zuel vun de Stären an der Draco-Zwerggalaxis gëtt op ongeféier dräi Millioune geschat. Si gouf vum Albert G. Wilson um Lowell-Observatoire am Joer 1954 entdeckt. Hiren Numm leet sech vun hirer Positioun of, well si am Stärebild Draco (Draach) steet.

D'Galaxis gouf vum Walter Baade, der Henrietta Hill Swope an dem Paul William Hodge an de Joren 1961 resp. 1964 op verännerlech Stären ënnersicht. Dobäi goufe méi wéi 260 Stären als verännerlech identifizéiert. Bis op 5 Stäre waren déi all vum Typ RR Lyrae. Fir hir Observatiounen hu si den Oschin-Schmidt Teleskop vum Palomar-Observatoire benotzt.

Nei Ënnersich vun der Draco-Zwerggalaxis hunn eng héich Vitessdispersioun bis wäit no baussen, souwéi e grousst Mass-Liicht-Verhältnes gewisen a leeën no, datt ëm d'Galaxis e groussen Halo aus donkeler Matière ass, déi d'Gréisst vum visuellen Deel iwwertreffen däerft. D'Draco-Zwerggalaxis kéint an Zukunft weider en interessante Fuerschungsobjet bleiwen a kéint Opschloss iwwer d'Natur vun donkeler Matière liwweren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]