Droneland (Televisiounsserie)
| Serie | |
|---|---|
| Produktiounsjoer | 2025 |
| Dauer | 6 × 45 min |
| Episoden | 6 |
| Ekipp | |
| Iddi | Nicolas Steil |
| Regie |
Max Zähle Félix Koch |
| Dréibuch |
Pierre Majerus Nicolas Steil Jan Cronauer Christophe Wagner |
| Produzent | Nicolas Steil, Katarzyna Ozga |
| Produktiouns- gesellschaft | Iris Productions, Syrreal Group, Topkapi Series, Enter Film |
| Schauspiller | |
|
Oliver Masucci als Aart Westerfeld Sophie Mousel als Nina Bittman Sibel Kekili Gijs Naber Elise Schaap Marc Limpach Alexander Scheer als Emery Tallan Fahd Larhzaoui Fabienne Elaine Hollwege Jules Werner Tommy Schlesser Philippe Thelen Elisabet Johannesdottir | |
Droneland ass eng lëtzebuergesch-däitsch-hollännesch-polnesch Televisiounsserie vum Nicolas Steil (Createur a Showrunner), geschriwwe vum Pierre Majerus, Jan Cronauer a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen), déi um Roman Drohnenland vum Tom Hillenbrand baséiert. Se gouf tëscht Juni an August 2025 ënner der Regie vum Max Zähle a Félix Koch gedréint.[1],[2]
Se gëtt viraussiichtlech am September 2026 op RTL Télé Lëtzebuerg, an dono op aneren Televisiounschaînen, gewisen. An Däitschland soll s'op Magenta TV an dann am ZDF ausgestraalt ginn.
Ëm wat geet et an der Serie?
[änneren | Quelltext änneren]Et handelt sech ëm eng dystopesch Science-fiction-Serie, déi an engem Europa spillt, dat ënner de Follge vu Kricher a vum Klimawandel leit. Ee vun Dronen ënnerstëtzte KI-Systeem, Mirrorspace genannt, erlaabt eng Iwwerwaachung vun alle Bierger, ma et schéngt es, wéi wa se och d'Perceptioun vun der Realitéit verännere kann. Wichteg Europaparlamentarier stinn ënner Beschoss. Eng Enquêtrice vun Europol, d'Nina Bittmann, an e Krichsveteran, den Aart Westerfeld, probéieren erauszefannen, wien derhannert stécht...
Episoden
[änneren | Quelltext änneren]Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Produktioun vun der Serie stoungen am Ganze 15,2 Milliounen Euro zur Verfügung, déi ë. a. vun der Iris Group (0,9 Mio), Privatinvestisseuren (1,3 Mio) an dem Lëtzebuerger Filmfong (3 Mio) hierkoumen.
D'Dréiaarbechten hunn 53 Deeg gedauert, dovunner der 16 zu Lëtzebuerg. Dréiplazen zu Lëtzebuerg waren d'Gebaier ronderëm d'Place de l'Europe (d'Robert-Schuman-Gebai, d'Philharmonie an de European Convention Center). Gedréint gouf och am Gebai vun RTL, um Belval an am Norde vum Land.[2]
Och zu Dresden, a Polen an an Holland goufen Zeene gedréint.[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hillenbrand, Tom. Drohnenland: Kriminalroman. Köln: Kiepenheuer & Witsch, 2014. Print. ISBN 978-3-462-04662-5
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Tournage fir nei Thriller-Serie "Droneland" huet ugefaangen." rtl.lu, 30.05.2025
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Tournage fir nei Thriller-Serie 'Droneland' huet ugefaangen." rtl.lu, 30.05.2025.
- 1 2 Daniel Conrad: "Dieser düstere Sci-Fi-Thriller aus Luxemburg soll Netflix und Co. erobern," wort.lu, 24.07.2025.
- ↑ Francine Clarinval: "Chère dystopie." d'Lëtzebuerger Land 01.08.2025, S.15-16.