Op den Inhalt sprangen

Drorakéit

Vu Wikipedia
Déi gréisst jee gebaut Drorakéit, d'amerikanesch Saturn V

Eng Drorakéit ass eng Rakéit, déi fir den Transport vu Mënschen oder Notzlaaschten an eng Ëmlafbunn déngt a sou e System fir de Betrib vun der Raumfaart ass. D'Notzlaascht ass bal ëmmer ënner enger Notzlaaschtverkleedung verstoppt, déi dës vir a wärend de Starte viru baussenzegen Aflëss schützt.

Natiounen, déi eegen Drorakéiten hunn

Mat Drorakéite wéi der amerikanescher Atlas, Titan, Saturn, souwéi der sowjetescher Wostok, Woschod, Sojus an der chineesescher Langer Marsch 2E goufen a ginn och Mënschen an de Weltraum geschéckt. Och de bemannten amerikanesche Space Shuttle gëllt als eng Drorakéit, well si als Transportmëttel vu Mënschen a Laaschten an de Weltraum gedéngt huet.

Déi bekanntst europäesch Drorakéit ass d'Ariane an der aktueller Ausbaustuf Ariane 5. Si gehéieren zu de wéinege Rakéitentyppen déi eng Duebelstartvirriichtung hunn a fir de Start vun zwou grousse Notzlaaschten u Bord vun enger Rakéit ausgeluecht sinn.

Zu de stäerkste jee gebauten Drorakéite gehéieren déi US-amerikanesch Saturn V souwéi déi sowjetesch N1 an Energija. Keng vun dëse Rakéite gëtt momentan hiergestallt. Déi stäerkst Drorakéit déi am Asaz ass, ass déi vu Boeing entwéckelt a gebaut Delta IV Heavy, déi den 21. Dezember 2004 vum Kennedy Space Center aus hiren Éischtfluch absolvéiert hat. Déi stäerkst russesch Drorakéit déi am Asaz ass, ass d'Proton-M. Déi stäerkst europäesch Drorakéit am Asaz ass d'Ariane 5 ECA.

Iwwersiicht vun haitegen Drorakéiten

[änneren | Quelltext änneren]

Dës Tabell weist déi aktuell fir staatlech a kommerziell Notzlaaschte benotzbar Drorakéiten, souwéi Rakéiten, déi mat ausreechender Sécherheet an noer Zukunft hir Éischtflich maachen an deelweis scho gebucht Starten hunn.

Notzlaaschtkapazitéit (Low Earth Orbit (LEO))
Land bis 2 t 2 bis 8 t 8 bis 15 t 15 bis 25 t iwwer 25 t
Brasilien VLS-1[F 1]
VR China KT-1, CZ-1D (?) CZ-2C, CZ-2D, CZ-4A/B CZ-2E, CZ-2F
Europa Vega[F 2] Ariane 5
Indien PSLV GSLV
Iran Safir
Israel Shavit
Japan H-2A H-2B
Nordkorea Taepodong-1[F 1]
Russland / Ukrain Angara 1.1,[F 3] Kosmos-3M, Rockot, Strela, Start, Shtil, Wolna Dnepr, Zyklon, Angara 1.2[F 3], Sojus-U/FG, Sojus-2 Zenit-2, Angara A3[F 2] Proton, Angara A5[F 3] Energija, Angara A7P[F 3], Angara A7V[F 3]
Südkorea KSLV-I[F 1]
USA Pegasus, Minotaur I,[F 4] Minotaur IV[F 4], Falcon 1, Taurus Delta II Atlas V, Delta IV, Falcon 9 Atlas V, Atlas V Heavy[F 3], Delta IV Heavy
Notzlaaschtkapazitéit (Geotransfer Orbit (GTO))
Land bis 1 t 1 bis 2 t 2 bis 4 t 4 bis 8 t iwwer 8 t
VR China CZ-2C, CZ-3, CZ-4A/B CZ-2E, CZ-3A, CZ-3C CZ-3B
Europa Ariane 5ESV Ariane 5ECA
Indien PSLV GSLV
Japan H-2A, H-2B
Russland / Ukrain Rockot (?) Molnija-M Sojus-Fregat, Angara A3[F 2], Zenit-3SLB[F 2] Zenit-3SL, Proton/Block-DM, Proton/Briz-M, Angara A5[F 3]
USA Taurus Delta II Falcon 9 Atlas V, Delta IV Atlas V, Atlas V Heavy[F 3], Delta IV Heavy
  1. 1 2 3 Bis elo nëmme Feelstarten
  2. 1 2 3 4 Nach net geflunne Rakéit mat gebuchte Notzlaaschten
  3. 1 2 3 4 5 6 7 8 Nach net geflunne Rakéit ouni gebucht Notzlaaschte resp. onbekannt
  4. 1 2 fir kommerziell Notzlaaschten net ze gebrauchen

Ubidder vun Drorakéitestarten

[änneren | Quelltext änneren]

2011 si 84 Drorakéite gestart, dovu waren der 78 (93 %) erfollegräich. De Start vun der russescher Raumsond Fobos-Grunt gëtt dobäi als erfollegräich gezielt, well d'Drorakéit feelerlos geschafft hat, och wann d'Sond net op de Wee zum Mars bruecht gouf. Zwou weider Raumsonde ware Mars Science Laboratory a GRAIL. Siwe Starten hu bemannt Raumschëffer an de Raum bruecht. D'Starten hu sech op follgend d'Länner, Drorakéiten a Startplaze verdeelt:

Land200720082009201020112012Bemierkungen 2011+12
Russland (heizou gehéieren och d'Sojus-Starte vum CSG)262630313326Feelstarten den 1. Februar 2011 mat Geo-IK-2, de 17. August mat Express AM4, de 24. August mat Progress M-12M an den 23. Dezember mat Meridian 5 - Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
China9116151919Feelstart den 18. August 2011
USA201524151813Feelstart de 4. Mäerz 2011 mat Glory - Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat zum falschem Orbit vun der Sekundärnotzlaascht gefouert
Europa (ESA)667658
Indien332332
Japan213232
Israel100100
Südkorea001100
International (Sea Launch)163023
Iran011011
Nordkorea001002Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Total686978748476
Rakéit200720082009201020112012Bemierkungen 2012
Laange Marsch10116151919
R-7 (Sojus)121013131914
Proton7101012911Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
Ariane 5667657
Atlas V425456
Space Shuttle345330
Delta IV103334
Dnepr321310
H-II213232
Falcon 9000202Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat op e falschen Orbit gefouert
Rockot013211
Delta II858130
Kosmos 3M331100
Minotaur IV000210
PSLV232132
Shavit100100
KSLV-1001100
GSLV100200
Falcon 1121000
Zyklon001000
Taurus001010
Unha 2001000
Safir011011
Unha-3000002Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Vega000001Éischte Start den 13. Februar 2012 (erfollegräich)
Minotaur I101020
Pegasus120001
Zenit264053
Total686978748476
Startplaz200720082009201020112012Bemierkungen 2012
Baikonur, Kasachstan201924242421Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
Cape Canaveral, USA13716111010(all vun der Cape Canaveral Air Force Station, keng vum Kennedy Space Center) Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat op e falschem Orbit gefouert
Centre Spatial Guyanais, Franséisch-Guayana6676710
Xichang, China642899
Jiuquan, China132465
Vandenberg Air Force Base, USA446362
Taiyuan, China342345
Satish Dhawan Space Centre, Indien332332
Tanegashima, Japan213232
Kosmodrom Jasny, Russland110110
Plessezk, Russland568673
Palmachim, Israel100100
Naro Space Center, Südkorea001100
Wallops, USA101010
Kodiak Launch Complex, USA000110
Plattform Odyssey, Internationaalt Gewässer (Sea Launch)151013
Omelek, Marshallinseln141001
Kapustin Jar, Russland010000
Semnan, Iran011011
Sohae, Nordkorea000002Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Musudan-ri, Nordkorea001000
Total686878748476

Als Ewechwerfrakéit oder Eeweerakéit[1] bezeechent een all d'Typpe vu Rakéiten, déi nëmmen eemol gestart kënne ginn. Dat sinn haut bal all Drorakéiten. All gebraucht Rakéitestufe ginn nom Ausbrennen ofgetrennt a falen zeréck op d'Äerd oder verglousen an der Atmosphär. Uewerstufe bleiwen dacks méi laang als Weltraumschrott am Äerdorbit.

Ausname si virun allem déi vum Berthold Seliger Ufanks der 1960er Joren entwéckelt Héichtefuerschungsrakéiten, d'Energija, deenen hir Boostere fir e puer Starte gebraucht konnte ginn, an de Space Shuttle mat senge Feststoffboosteren. Allerdéngs geet bei deene Leschten ëmmer de baussenzegen Tank verluer.

De Recycling vun den ënneschte Rakéitestufe wier technesch realiséierbar, mä gëtt kaum praktizéiert, well d'Sécherstellung an déi uschléissend Inspektioun an d'Nokucke vun der Stuf dacks méi kascht, wéi d'Hierstelle vun enger neier Stuf. Weiderhi misst eng recyclabel Stuf mat spezielle Landesystemer, wéi beispillsweis Fallschiermer, versi ginn.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Beleeg fir d'Stéchwuert Eeweerakéit an enger Presseerkläerung vun der ESA