Duck Féiss

Vu Wikipedia

Duck Féiss war eng lëtzebuergesch Sketch-Comedy-Show, déi tëscht 2013 an 2017 iwwer Internet diffuséiert gouf.

Si gouf vun den deemools 20-järege Sebastien "Baschti" Gudenburg, Joe Dennenwald, Philippe Berscheid a Philippe Storck an d'Liewe geruff, déi sech aus hirer Zäit am Iechternacher Lycée kannt hunn.[1],[2] Den Titel vun der Show ass eng Uspillung op de Gesiichtsausdrock "Duckface".

No zwéin Traileren am Mäerz 2013 gouf den éischte Video de 4. Abrëll 2013 op Youtube héichgelueden. En hat den Titel Bettseechesch - Déi Grouss Botz a war eng Parodie op déi däitsch Kannersendung Löwenzahn mat der Figur vum Pit "Pol" Witzeg amplaz vum Peter Lustig.

Duerno ass all Donneschdeg en neie Video vun der éischter Staffel erauskomm. Iwwer déi nächst fënnef Joer si véier weider Staffelen iwwer YouTube a Facebook verëffentlecht ginn. Duck Féiss hat Erfolleg, mat ville Videoen déi zéngdausende-mol gekuckt goufen.

2019 hunn de Philippe Berscheid, de Sebastien Gudenburg, an de Joe Dennenwald de Podcast Erklär&Laach lancéiert.[3]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wort.lu: Duck Féiss - Comedy made in Luxembourg (4. Abrëll 2013)
  2. lessentiel.lu: «Blödsinn kommt im Netz am besten an» vum Irina Figut (22. Abrëll 2013)
  3. wort.lu: Zum Hinhören vum Marie Chelius (14. August 2019)