Dudley Ives
| Dudley Ives | |
|---|---|
| Gebuer |
11. November 1905 Baltimore |
| Gestuerwen |
1. Dezember 1983 Ladiesburg |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Offizéier |
|
| |
Den Hiram Dudley Ives[1] (och alt als Yves ernimmt), gebuer den 11. November 1905 zu Baltimore am Maryland, a gestuerwen den 1. Dezember 1983 zu Ladiesburg am Maryland[2], war en US-amerikanesche Generol vun der US Army.
Ënner sengem Kommando, deemools nach als Lieutenant-colonel, huet d'1. Batailloun vum 319. Regiment vun der 3. US-Arméi wärend der Ardennenoffensiv den 22. Dezember 1944 Feelen eng zweet Kéier befreit.[3] Och Géisdref, Dol an Nacher goufen ënner sengem Kommando befreit.[4][5]
Hie gouf den 28. Juni 1976 zum Éierebierger vu Feelen ernannt[6][7], an eng Strooss zu Nidderfeelen, d'Rue Dudley Yves [sic],[8][9] gouf no him genannt; dobäi gouf de Familljennumm mat Yves amplaz vun Ives uginn[10].
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems den Hiram Dudley Ives vun 1924 bis 1928 op der Cornell an der Johns Hopkins University studéiert hat, ass hien an d'Maryland National Guard gaangen.[11] Dono huet hien 12 Joer laang am Privatsecteur geschafft, bis en 1941 als Captain an d'29. Infanterie Divisioun agezu gouf, wou e Kommandant a Regimental Staff Officer vun der 175. Infanterie gouf. 1942 gouf en am Camp Forrest, Tennessee, an der 80. Infanterie Divisioun Kommandant vum 1. Batallioun vun der 319. Infanterie.
1944 gouf e mat sengem Batallioun an Europa geschéckt, wou en an Nordfrankräich, den Ardennen, dorënner och zu Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv, am Elsass, am Rheinland an an Zentraleuropa un de Befreiungskämpf deelgeholl huet.
1946 goung hien hannescht an d'USA, wou hie bis 1953 Personnel Staff Officer am War Department war. Dono war hien nees 3 Joer an Europa, a gouf dunn 1956 op Chicago versat, wou e Chef vum Illinois Military District gouf.
1958 gouf hien a Südkorea geschéckt, wou en zu Taejon Senior Adviser fir d'Ausbildung vun der koreanescher Arméi war. Ee Joer drop gouf hie Chief of Staff vun der 3. Arméi zu Fort McPherson, am Georgia, an 1960 Kommandant vum Ausbildungszenter am Fort Jackson am South Carolina.
1961 gouf hien zum Deputy Inspector General vum Departement vun der Arméi ernannt, an 1963 zum Inspector General.
1965 huet huet hie seng Pensioun geholl. Hien ass den 1. Dezember 1983 un de Suitte vun engem Kriibs gestuerwen a gouf um Arlington National Cemetery begruewen.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Hiram Dudley Ives, Birth Date 11 Nov 1905, Military Date 30 Nov 1965 in the U.S., Select Military Registers, 1862-1985" gekuckt op ancestry.com
- ↑ (en) MG Hiram Dudley Ives (1905-1983) - Find a Grave.... www.findagrave.com. Gekuckt den 20.08.2025.
- ↑ "Geschichte der Gemeinde Feulen." feulen.lu (nogekuckt: 19.08.2025).
- ↑ "Besuch aus den USA." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 236 (13.10.1973), p. 9 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ "Herzlichen Empfang für amerikanischen Befreier in Goesdorf und Dahl." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 241 (19.10.1973), p. 8 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- 1 2 A. R.: "U.S. General Hiram Dudley Ives zum Ehrenbürger der Gemeinde Feulen ernannt." In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 81 (07.04.1977), p. 8 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ "Die Gemeinde Feulen ernannte ihren Befreier in dankbarer Erinnerung zum Ehrenbürger und überreichte ihm die entsprechende Urkunde." In: Revue, 32. Jg., nº 16 (16.04.1977), p. 35 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ L-9176.
- ↑ "Einsatz der amerikanischen Befreier gewürdigt." mywort.lu, 01.07.2010.
- ↑ „Nach seinem Tod im Jahre 1983 wurde eine Straße in Niederfeulen nach Hiram Dudley Ives benannt, wobei sein Name auf dem Schild als “Yves” vermerkt wurde.“, Luxemburger Wort, Der Helm von Hiram Dudley Ives, 30.12.2019, gekuckt op pressreader.com
- 1 2 Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Obituary for Hiram D. Ives (Aged 78)" newspapers.com, nogekuckt 21.08.2025.
