Duelem (Réimech)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Duerf Duelem (Dalheim) bei Réimech. Fir Duelem (Dahlem) an der Gemeng Garnech, kuckt wgl. Duelem (Garnech).
Duelem
Vue op Duelem
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dalheim
de: Dalheim
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Gemeng Duelem
Buergermeeschter Joseph Heisbourg
Awunner 1.635
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 309 m
Koordinaten 49° 32’ 29’’ N
      06° 15’ 28’’ O
De gallo-réimeschen Theater

Duelem ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réimech, an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Laanscht Duelem féiert Dräikantonstrooss tëscht den Uertschafte Bous a Fëlschdref.

D'Uertschaft läit am Dall vun der Schleebaach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gallo-réimesche Vicus Ricciacus[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vicus Ricciacus.

Nodeem op Loftbiller vun Duelem aus dem Joer 1976 Iwwerreschter vun enger anticker Siidlung entdeckt goufen, hunn 1977 déi éischt Ausgruewungen ugefaangen, an et gouf e ganzt Duerf fonnt. Et gouf och e Koup Statuen an Tounmaterial fonnt, wouvun der haut e puer am Louvre zu Paräis ausgestallt sinn.

Duerch d'Ausgruewunge vu Fragmenter vun engem gréisseren Altor am Joer 2008[1] konnt bewise ginn, datt Duelem op der Plaz vum réimesche Vicus Ricciacus opgebaut ass. Ricciacum war eng vun den Etappen op dem Kiem tëscht Divodurum (Metz) an Augusta Treverorum (Tréier), déi am Itinerarium Antonini Augusti (eng Opzielung vun den Etappen op de grousse réimesche Stroossen) opgezielt ass an op der Tabula Peutingeriana (eng Kaart vun dëse Stroossen) opgezeechent ass.

De Bau vum Kiem tëscht Metz an Tréier, duerch de réimesche Generol Marcus Vipsanius Agrippa, geet op d'Joren 18-17 viru Christus zeréck. Ëm dës Zäit ass och de Vicus Ricciacus entstanen. 70 – 71 no Christus koum et zu enger Neiopdeelung vun der Uertschaft. An der Mëtt vum 3. Joerhonnert hat Ricciacum mat 25 Hektar seng gréisst Entwécklung. Nieft de Privathaiser sinn e puer Tempelen, Thermen an den Theater aus där Zäit entdeckt ginn.

275-276 gouf et eng éischt Zerstéierung duerch d'Germanen, an 353–355 nach eng. No 407 gouf d'Siidlung bei der Vëlkerwanderung definitiv zestéiert.[2]

Theater[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimeschen Theater vun Duelem.

Bei den Terrassementsaarbechte fir e Stall vun engem Duelemer Bauer südlech vum Vicus goufen 1986 d'Iwwerreschter vun engem réimeschen Theater fonnt, dee Plaz fir zirka 3500 Leit gebueden huet. Haut kann ee genee erkenne wéi den Theater deemools ausgesinn huet. An der direkter Ëmgeigend goufen nach aner Bauwierker fonnt, z. B. d'Reschter vun engem Haus vun engem Bierger, dat fir den Theater huet missen ofgerappt ginn. E Problem hat dat Ganzt awer mat sech bruecht, an zwar datt genee an der Mëtt vum Theater eng Strooss gebaut gouf, ënner där d'Waasserversuergung vun Duelem leeft.

Griewer an d'Tempelen[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren 1982-1998 goufen zu Duelem och nach Iwwerreschter vu réimesche Griewer a vun engem Tempel fonnt.

Réimermounument "Den Aadler"[änneren | Quelltext änneren]

Den Adler vun Duelem

Tëscht dem Theater an dem Vicus gouf e Réimermonument, "Den Aadler" genannt, opgeriicht. Et ass eng héich Sail, op där en Aadler sëtzt, deem säi Kierper an Richtung Vicus, an de Kapp a Richtung Metz (Réimerstrooss) kuckt.

D'Monument gouf, grad sou wei d'Kierchtuerm vun Duelem, am Unfank vum Zweete Weltkrich beim däitschen Iwwerfall zerstéiert, an et gouf eréischt 1957 erëm opgeriicht.

Dokumentatiounszentrum[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Juni 2010 huet um archeologesche Site op der Säit vum gallo-réimeschen Theater en Dokumentatiounszentrum seng Dieren opgemaach, wou ë. a. Pancarten iwwer d'Liewen am antike Ricciacum, mat engem Vicus, enger Nekropol, engem Tempel, engem Theater an Thermen, infortméieren.[3]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Victor Loos, Duelem - Band 1 - "Eis Kiirch", Conseil de la Fabrique d'Eglise de Dalheim, Duelem, 1993

Gust Linden, Sandy Linden, Robert Vandivinit, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem", Fanfare Gemeng Duelem, ISBN 2879969441

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Extraordinaire découverte archéologique à Dalheim" Communiqué vun der Regierung op gouvernement.lu, 30-10-2008 (gekuckt:203-02-16).
  2. "Römerstraße Trier-Metz Abschnitt Stadtbredimus - Dalheim - Leymillen" op altstrassen.de (gekuckt: 2013-02-15).
  3. "Duelem: Ricciacus-Info-Zenter goung de Samschdeg, 5. Juni op." rtl.lu, 03.06.2010, 00:10 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2010, 08:29.