Op den Inhalt sprangen

Duodezimalsystem

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Duodezimalzifferen no der Dozenal Society of Great Britain

Den Duodezimalsystem (vum laténgeschen duodecim "zwielef"), och nach Zwielefersystem oder Unzialsystem ((la) uncia "Zwieleftel") ass e Stellewäertsystem mat der Basis 12. E besteet aus zwielef verschidden Ziffere fir Zuelen duerzestellen: 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, ↊, ↋.

Géintiwwer dem Dezimalsystem si fir den Duodezimalsystem zwou zousätzlech Zifferen néideg. Nieft den Zifferen 0 bis 9 gebraucht d'Dozenal Society of Great Britain nach d'Zeechen ↊ fir zéng an ↋ fir eelef, deemno d'Zeechen 2 an 3 déi op der Kopp stinn.

↊ ↋

D'amerikanesch Dozenal Society huet heiansdo fir zéng an a fir eelef benotzt; alternativ konnten d'Zeechen X an E benotzt ginn, wann déi aner net geschriwwen/gedréckt konnte ginn.

Well et – anescht wéi am allgemeng gebräichlechen Dezimalsystem (mat der Basis 10) – zwielef Ziffere gëtt, gëtt eng zweet Ziffer eréischt fir natierlech Zuele vun zwielef u gebraucht. Am Duodezimalsystem heescht d'Zuel 10 net zéng, mee 1 Dosen + 0 (also zwielef) an d'Zuel 0,1 heescht net een Zéngtel, mee een Zwieleftel.

Dezimalzuelen 0 bis 24 am Duodezimalsystem
Dezimalsystem 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24
Duodezimalsystem 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 1↊ 1↋ 20
Commons: Duodezimalsystem – Biller, Videoen oder Audiodateien