Dystopie
Eng Dystopie ass eng Erzielung, déi meeschtens an der Zukunft spillt, an där eng erschreckend oder net wënschenswäert Gesellschaftsuerdnung duergestallt gëtt. Dofir gëtt esou eng Fiktioun vun enger negativer (Zukunfts-)Welt och alt Antiutopie (respektiv Anti-Utopie) oder negativ Utopie, méi seelen och nach Kakotopie oder Mätopie genannt.
D'Dystopie ass d'Géigebild zu der positiver Utopie bezéiungsweis der Eutopie, déi den Thomas Morus mat sengem Roman Utopia an d'Welt gesat hat.[1] Dacks wëllen d'Auteure vun dystopesche Geschichte mat Hëllef vun engem pessimisteschen Zukunftsbild op bedenklech gesellschaftlech Entwécklungen an der Géigewaart opfmierksam maachen a virun deenen hire Follge warnen.[2]
Bekannt dystopesch Erzielunge sinn dem H. G. Wells seng Science-Fiction-Novell The Time Machine oder dem George Orwell säi Roman 1984.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dystopie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dystopie duden.de, nogekuckt de 4. Januar 2011
- ↑ S. Meyer: Die anti-utopische Tradition: eine ideen- und problemgeschichtliche Darstellung. Frankfurt am Main 2001, ISBN 3-631-37492-5, S. 15