European Union Public Licence

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) EUPL)

D'EUPL (European Union Public Licence) ass eng Lizenz fir fräi Software, déi vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert ginn ass. Se erlaabt, ënner anerem, explizit d'Kopéieren an d'Modifizéiere vun der lizenséierter Software, ënner der Konditioun datt all Modifikatioune weiderhin déi selwecht Lizenz behalen, oder ënner enger vun de "kompatibele" Lizenze relizenséiert gëtt.

D'Lizenz existéiert an den 23 offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.

Verglach mat aneren Open-Source-Lizenzen[änneren | Quelltext änneren]

Entgéint anere Lizenzmodeller fir Open-Source-Software ass d'EUPL méi flexibel well se explizit d'Relizenséierung ënner aneren Open-Source-Lizenzen erlaabt.

Als "kompatibel" Lizenze gëllen:

  • GPL (GNU General Public License) 2
  • OSL (Open Software License) 2.1, 3.0
  • Common Public License 1.0
  • Eclipse Public License 1.0
  • CeCILL 2.0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]