eXpedition

Vu Wikipedia


Internet an der Schoul

eXpedition ass eng Léiermethod, bei där den eenzele Schüler, oder eng ganz Schoulklass, en Theema no sengen eegenen Interessie selwer bestëmmen an no eegene Schwéierpunkten sou behandele kann, datt hien nach am Laf vun der selwechter Schoulstonn déi kommentéiert Entdeckungen an engem Protokoll nidderschreift. Eng eXpedition zitt sech iwwer dräi oder méi Etappen, woubäi all Stonn eng u sech ofgeschlossen Etapp ass. Dës Method, déi op konstruktivistescher Pedagogik grënnt, eegent sech besonnesch am Online-Léieren, léisst sech awer och "offline" uwenden.

Den Initiator, respektiv den Erfinder vun där Léiermethod ass de Jean-Louis Gindt, deen am Kolléisch an am Lycée Aline Mayrisch (2001-2011) ënner anerem Reliouns- a Wäerteunterrecht hält. No senger Method, déi hien an de Joren 2002/2003 entwéckelt huet, kënne Schüler(inn)en am Secondairesunterrecht eege Froen iwwer e bestëmmten Theema mat der Hëllef vum Internet nogoen an hir Erkenntnesser dokumentéieren, fir se duerno duerchzediskutéieren. Fir op seriéis Linken ze stoussen, déi hinnen déi néideg an zouverléisseg Informatiounen an Diskussiounsustéiss kënne liwweren, gëtt den Enseignant hinnen e puer Internetadressen, déi hie fir relevant hält.

D'Kärstéck vun der eXpedition ass den Etappebericht pro Stonn. Hei notéiere sech d'Schüler, dat wat si am Laf vun der Stonn entdeckt hunn. Si ginn hir Quellen un a kommentéieren dann hir Entdeckunge mat perséinlechen Iwwerleeungen. An engem Titel faasse se hir Aarbecht vun dëser Etapp zesummen.

D'eXpedition ass als Method am Wäerteunterrecht entstanen an an Zesummenaarbecht mat der Léierplattform rpi-virtuell [1] ausgebaut ginn. Eng eXpedition léisst sech a ville Schoulfächer asetzen. D'eXpedition eegent sech souwuel fir Eenzelaarbecht, wéi och fir Team- oder Gruppenaarbecht. D'Praxis huet gewisen, datt dës Method flexibel, villsäiteg an upassungsfäeg ass. Nieft der "klassescher" eXpedition [2] gëtt et och eng speziell Konscht-eXpedition [3] an eng Bibel-eXpedition [4].


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die überkonfessionelle Plattform für Religionspädagogik und Religionsunterricht der evangelischen Kirche Deutschland
  2. eXpedition – Interaktiv lernen!
  3. So werden Ihre Schülerinnen und Schüler Kunst-eXperten!
  4. eXpedition ins Buch der Bücher

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]