Eben am Achensee
Ausgesinn
Eben am Achensee | ||
---|---|---|
| ||
Land | Éisträich | |
Bundesland: | Tiroul | |
Bezierk: | Schwaz | |
Koordinaten: | 47° 25’ 22’’ N 11° 45’ 07’’ O | |
Fläch: | 196,59 km² | |
Awunner: | 3011 (2015) | |
Bevëlkerungsdicht: | 15 / km² | |
Héicht: | 970 m | |
Buergermeeschter: | Josef Hausberger |
Eben am Achensee ass eng Gemeng am Bezierk Schwaz vum Bundesland Tiroul an Éisträich.
Eben läit am Achendall, um Uwänner vum Achenséi iwwer dem ënneschten Dall vum Inn, an ass flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Bezierk Schwaz. D'Gemeng besteet aus dem Hauptuert Maurach souwéi den Uertschafte Bächental, Hinterriß a Pertisau.
Tourismus
[änneren | Quelltext änneren]Eben ass haut staark touristesch markéiert an hat 2003 eng 900.000 Hotelsnuechten, déi sech op eng Summer- an eng Wantersaison verdeelen.
Nieft dem Achenséigebitt am Summer (Paddelen a Seegelen, Wanderen, Mountainbiketouren, Golf, Paragliding) spille virun allem d'Schigebidder Rofan an Zwölferkopf fir Alpin, Laanglaf a Schlitt eng Roll.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eben am Achensee – Biller, Videoen oder Audiodateien |