Op den Inhalt sprangen

Ech drénke gier mäi Pättchen

Vu Wikipedia
Ech drénke gier mäi Pättchen
Genre Drénklidd
Ursprongsland Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Komponist Greg Denis
Text Fernand Wark
Verëffentlecht Februar 1965
Éischt Zeil Scho virun dausend Joer, wor et bei ons ganz fein
Auteursrechter geschützt (bis 2064)

Ech drénke gier[1] mäi Pättchen ass en Drénklidd iwwer Miseler Wäin am ¾-Takt vum Fernand Wark (Text) a Greg Denis (Musek). Et gouf Ufank Februar 1965 beim Edy Noël ënner der Nummer M 516 publizéiert. Op der B-Säit vum Disk war d'Lidd Oh wéi gier, oh wéi gier, géng ech bleiwe bei dir, bleiwe bei dir, well du bass mei gudde Stir.[2][3].

D'Lidd gouf zu Lëtzebuerg ganz populär, et gëtt op d'mannst 12 verschidden Opname vun dësem Lidd an et gouf ënner anerem vum Jang Linster (1981), vum Fausti (1982) a vu Cool Feet (2021) opgeholl. Déi interessantst Coverversioun kënnt vun der irescher Band The Dubliners vun 1997[4].

Am Lidd, dat an der éischter Persoun geschriwwen ass, geet et drëms, datt den Ech-Erzieler déi laang Traditioun vum Wäibau "bei ons" (also zu Lëtzebuerg) ernimmt, sou wéi och vun anerem alkoholesche Gedrénks ("Brantewäin a Béier").

De Refrain, deen zweemol widderholl gëtt, lueft de Wäi vun der Musel ("onse Miselerwéngchen") als "Härgottsmedezin", déi ee gär am Stammlokal, doheem, "an och beim Kättchen" drénkt.

An der zweeter Stroph gëtt de Konsum vu Wäin als Léisung propagéiert, fir wann een emol Suergen am Stot hätt: Da wier ee beim Wiert gebuergen, do géif een "net geplot".

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. vereelzt Form vu „gär“
  2. op discogs.com (nogekuckt: 02.01.2025).
  3. pol: "Vom Jangeli bis zum Pättchen: Heute Neuerscheinung einer luxemburgischen Schallplatte." Luxemburger Wort vum 06.02.1965 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. Fiche op cover.info (nogekuckt: 26.01.2025).