Eddington (Moundkrater)
| Eddington (Moundkrater) | |
|---|---|
| Eegenschaften | |
| Breet | 21,48° N |
| Längt | -71,94° W |
| Duerchmiesser | 120,13 km |
| Déift | ? |
| Selenographesch Längt | 72° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Arthur Stanley Eddington (1882–1944) |
| Krut säin Numm am Joer | 1964 |
De Krater Eddington ass de mat Lava gefëllte Rescht vun engem Aschlagkrater. Hie läit am westlechen Deel vum Oceanus Procellarum op der viischter Äerdmoundsäit.
Säi Westrand iwwerdeckt den Ostrand vum Struve-Krater an am Ost-Südoste läit de klengen, awer bekannte Seleucus-Krater. Am Süden ass de Krafft-Krater.
De südlechen an de südëstleche Randrampli si bal komplett verschwonnen, woufir een nëmmen nach e puer Fielsvirspréng an Hiwwelen am Mare gesäit, déi sech laanscht de fréiere Krater zéien. De Krater ass also éischter wéi eng Bucht vum Oceanus Procellarum ze gesinn, deen a Richtung Süden zum Mier hin op ass. De Buedem vum Krater ass praktesch flaach an et gëtt ausser dem bal verschwonnene Krater Eddington P am südëstleche Sektor keng wichteg Krateren am Haaptkrater.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| P | 21,01° N, 71,08° W | 11 km |