Op den Inhalt sprangen

Edgar Cossé

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Edgar Stanislas Cossé)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Edgar Cossé
Gebuer 17. August 1856
Gestuerwen 21. September 1908
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Direkter
Schëld zu Koplescht

Den Edgar Stanislas Cossé, gebuer de 17. August 1856 zu Avize an der Marne[1][2], a gestuerwen den 21. September 1908 zu Hollerech[3][4], war e franséische Fabrécksdirekter.

Hien huet an der Fabrique de Champagne E. Mercier zu Épernay geschafft, a méi spéit an där hirer Filial zu Lëtzebuerg, wou e bis zu sengem Doud Direkter war.[5] Hien ass den 21. September 1908 um 8 Auer an der avenue de la Gare gestuerwen[4] a gouf um Hollerecher Kierfecht begruewen.[6]

Den Edgar Cossé war mat der Sophie Fischer bestuet.

Zu Hollerech gouf 1912 déi fréier Dumonceau-Strooss op Rue Cossé ëmgenannt[7], déi awer schonn 1925 a Rue de Reims ëmgenannt gouf.[8] Zu Koplescht, wou en als Bienfaiteur geéiert gëtt, dréit d'Place Edgar Stanislas Cossé bis haut säin Numm. Op där Plaz steet och e Gedenksteen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Edgar Cossé op Geneanet
  2. Gebuertsakt Nr.34 vum 18. August 1856 vun der Gemeng Avize
  3. Doudesannonce vum Edgar Stanislas Cossé am Luxemburger Wort vum 22. August 1908
  4. 1 2 Stierfakt Nr.135 vum 21. September 1908 vun der Gemeng Hollerech
  5. Cossé Edgar op industrie.lu.
  6. Marc Thoma: Et wor emol ... zu Lëtzebuerg: De Weidendall - 2. Deel. rtl.lu, 2.11.2020
  7. Hollericher Gemeinderat - Strassenbenennung In: Luxemburger Bürger=Zeitung., 13.01.1912, S.1
  8. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: ons stad 50 (1995), S.25.