Édith Cresson

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Edith Cresson)
Édith Cresson
Gebuertsnumm Édith Campion
Gebuer 27. Januar 1934
Boulogne-Billancourt
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist
Partei Parti socialiste
Famill
Bestuet mat Jacques Cresson

D'Édith Cresson, gebuer de 27. Januar 1934 zu Boulogne-Billancourt, ass eng franséisch Politikerin (PS). Si gouf 1991 als éischt Fra franséisch Premierministesch, wann och just fir eelef Méint. Vun 1995 bis 1999 war si Member vun der Europäescher Kommissioun, mat de Portefeuillë Wëssenschaft, Fuerschung an Entwécklung. Hir Verwécklung an e Fall vun Nepotismus huet 1999 zum Récktrëtt vun der Kommissioun Santer gefouert.

Si war ënner der Presidentschaft vum François Mitterrand och Ministesch an e puer Fonctiounen: Vun 1981 bis 1983 Landwirtschaftsministesch an der Regierung vum Pierre Mauroy, vun 1983 bis 1984 Ministesch fir Handel an Tourismus a vun 1984 bis 1986 fir industriell Entwécklung an Handel ënner dem Premierminister Laurent Fabius, an dann nees, no der Cohabitation, vun 1988 bis 1990 Europaministesch an der Regierung vum Michel Rocard.

No hirem Réckttrëtt als Kommissiounsmember ass si kaum nach an der Ëffentlechkeet opgetrueden. 2006 huet si hiert Buch Histoires françaises publizéiert, eng Zort politesch Memoiren.

D'Cresson ass bestuet an huet zwou Duechteren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Édith Cresson – Biller, Videoen oder Audiodateien