Op den Inhalt sprangen

Edmond Lentz

Vu Wikipedia
Edmond Lentz
Gebuertsnumm Edmond Pierre Mathias Lentz
Gebuer 17. Juli 1857
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Juli 1899
Sarreguemines
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Industriellen
Famill
Papp Michel Lentz

Den Edmond Pierre Mathias Lentz, gebuer de 17. Juli 1857 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 27. Juli 1899 zu Sarreguemines[1], war e lëtzebuergesche Fabrécksdirekter, Schrëftsteller a Komponist.

Hien ass bekannt dofir, eng ettlech Gedichter vu sengem Papp Michel Lentz vertount ze hunn, dorënner An Amerika, Wat d'Hémecht ass, Wéi meng Mamm nach huet gesponnen an Aus der Kannerzeit.

Den Edmond Lentz ass als Jong vum Michel Lentz an der Stad lëtzebuerg gebuer.[2] Hie war Comitésmember vum Luxemburger Allgemeiner Musikverein.

Hien huet sech mat der Anne-Marie Flohr bestuet, mat där en zesumme Kanner hat.

De Lentz gouf zu Sarreguemines Direkter vun der Parzeläinfabréck Utzenschneider & Comp. Do ass hie stënterlech am Alter vu 47 Joer un engem Schlag gestuerwen.

Als Komponist huet hie Gedichter vu sengem Papp vertount a bei Evenementer, bei deenen den Erléis fir e gudden Zweck war, Kompositioune bäigesteiert.

Seng Kompositioune goufen awer eréischt, vun den 1920er Joren un, méi heefeg opgefouert, ë. a. och op Radio Lëtzebuerg, a kruten eng gewëss Bekanntheet.

Paul Ulveling: "La musique luxembourgeoise au XIXe siècle" in: nos cahiers. Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Jg. 15 (1994), Nr. 3, S. 23-64.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Plötzlicher Tod. In: Bürger= und Beamten=Zeitung., 1. Jg., nº 90 (29.07.1899), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Quell vun dësem Artikel, wou net anescht uginn: Fiche Lentz Edmond Pierre Mathias, in: Ursula Anders-Malvetti/Alain Nitschké/Caroline Reuter/Damien Sagrillo: Luxemburger Musikerlexikon. Komponisten und Interpreten, Band 1: 1815‒1950, Margraf Publishers, Weikersheim 2016, S. 682 - 687. musique.uni.lu (nogekuckt 09.01.2025).