Edmond Pepin

Vu Wikipedia
Edmond Pepin
Gebuer 21. Oktober 1923
Gestuerwen 6. Juni 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Edmond Pepin, gebuer den 21. Oktober 1923 zu Schweech, gestuerwen de 6. Juni 2013 an der Stad Lëtzebuerg, war e Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.

Den Edmond Pepin war Schoulmeeschter zu Osper, Beggen a Weimeschkierch. An der Schlussphas vum Zweete Weltkrich war hie Member vun der Luxembourg Battery vun der Brigade Piron.

Hien huet an de Joren 1962 bis 1965 an der Revue de la Jeunesse vun der Croix-Rouge luxembourgeoise e Feuilleton fir déi Jonk mam Titel Ein Weg bleibt offen publizéiert. Donieft huet hien och lokalhistoresch Bäiträg iwwer de Schweecherdall a Beggen geschriwwen.

Seng Erliefnesser als Zwangsrekrutéierten, dee sech Enn Juni 1944 an der Normandie den Alliéierten erginn huet a Mëtt Oktober 1944 am hollännesche Limburg bei d'Brigade Piron koum, huet hien a sengem Buch Frontwechsel erzielt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Und ewig rauschen die Wälder (Sage und Wirklichkeit). In: 1906-1981: 75e anniversaire de la Fanfare Schweichertal. - Luxembourg, 1981. - S. 134-140.
  • Der erste Wanderpfad im Schweichertal. In: 100e anniversaire de la Chorale Ste Cécile Schweichertal. - Schweichertal, 1985. - S. 84-89.
  • Beggen: Werden und Wachsen eines städtischen Viertels. In: 1915-1990: FC Avenir Beggen: 75e anniversaire. - Beggen: Comité d'organisation du 75e anniversaire, 1990. - S. 107-132.
  • Frontwechsel: mein abenteuerlicher Weg zur Brigade Piron. Luxembourg: Saint-Paul, 2006. - 192 S. (ill.).

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2013. Edmond Pepin est décédé. L'Essentiel Online, 6 juin 2013.
  • Seil, P. Pepin, Edmond. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online.
  • Zenner, R., 2013. À la mémoire d'Edmond Pepin de Beggen. Luxemburger Wort 2013, Nr. 180 (3. August): 53.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. annonce vum Doud vum Edmond Pepin mat Opzeilung vu sengen Auszeechnungen