Op den Inhalt sprangen

Edmond de Sélys Longchamps

Vu Wikipedia
Edmond de Sélys Longchamps
Gebuer 25. Mee 1813
Paräis
Gestuerwen 11. Dezember 1900
Léck
Nationalitéit Frankräich, Belsch
Aktivitéit Entomolog
Partei Parti libéral
Member vun Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Société des naturalistes luxembourgeois, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Papp Michel-Laurent de Sélys Longchamps

De Baron Michel Edmond de Sélys Longchamps (de Selys Longchamps), gebuer de 25. Mee 1813 zu Paräis, a gestuerwen den 11. Dezember 1900 zu Léck, war e belschen Zoolog a Politiker.

Den Edmond de Sélys Longchamps ass ee vun de bekanntste belschen Zoologe vum 19. Joerhonnert. Hien huet sech fréizäiteg en Numm gemaach mat der Publikatioun vu senger « Faune belge », déi 1842 erauskoum. Hien ass besonnesch bekannt fir seng entomologesch Aarbechten. Säi Spezialgebitt waren d'Libellen.

Den Edmond de Sélys Longchamps huet sech nieft der Wëssenschaft awer och mat Politik beschäftegt. Vun 1855 bis 1900 war hir Member vum belsche Senat, zäitweileg als Vizepresident a vun 1880 bis 1884 als President.

Den Edmond de Sélys Longchamps war vun 1841 u Membre correspondant vun der Académie royale des Sciences, des Lettres et des Beaux-Arts de Belgique a vun 1846 u Membre effectif. Hie gouf 1851 Éieremember vun der Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, déi 1868 d'Section des Sciences vum Institut grand-ducal gouf, an domat gouf den E. de Sélys Longchamps automatesch Éieremember vum Institut grand-ducal. Am Joer 1892 ass hien och Éieremember vun der "Fauna", der Société des naturalistes luxembourgeois, ginn.[1]

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1839. Études de micromammalogie: Revue des musaraignes, des rats et des campagnols, suivie d'une index méthodique des mammifères d'Europe. Librairie Encyclopédique de Roret, Paris, 163 p., 3 pl.
  • 1840. Monographie des Libellulidées d'Europe. Paris & Bruxelles, 220 p.[1]
  • 1842. Faune belge. Première partie. Indication méthodique des mammifères, oiseaux, reptiles et poissons, observés jusqu'ici en Belgique. Liège & Bruxelles, i-xii, 1-310. [2]
  • 1850. Revue des Odonates ou Libellules d'Europe. Mémoires de la Société royale des sciences de Liège 6: i-xxii, 1-408. Zesumme mam Hermann August Hagen. [3]
  • 1888. Catalogue raisonné des orthoptères et des névroptères de Belgique. Musée royal d'histoire naturelle, Bruxelles, 101 p.
  • Anonyme, 1901. A la mémoire de Michel Edmond Baron de Sélys-Longchamps 1813-1900. Impr. H. Vaillart-Carmanne, Liège, 51 p.
  • Caulier-Mathy, Nicole & Nicole Haesenne-Peremans, 2008. Une vie au fil des jours. Journal d'un notable politicien et naturaliste, Michel-Edmond de Selys-Longchamps (1823-1900), 2 vol., LXV-1747 p..
  • Coen, J., 1982. Michel-Edmond de Sélys-Longchamps 1813-1900. Gentilhomme et démocrate. Waremme, 217 p.
  • Lameere, Auguste, 1902. Edmond de Selys Longchamps. Mémoires de la Société entomologique de Belgique 9: 1-32.
  • Massard, J.A., 2020. Exkurs in die Geschichte einer belgischen Adelsfamilie. Von Baron Edmond de Sélys Longchamps bis zu Delphine Boël. Lëtzebuerger Journal 2020-02-11: 11. PDF – Erweiterte Online-Version. PDF
  • Micheels, Henri, 1920. Selys Longchamps (Michel-Edmond baron de). Biographie nationale de Belgique 22 (1914-1920): 192-199.
  • Plateau, Félix, 1902. Notice sur la vie et les travaux de Michel-Edmond baron de Selys Longchamps, membre de l'Académie. Hayez, Bruxelles, 116 p. (extr.: Annuaire de l'Académie royale de Belgique 68, 1902).
  • Wasscher, M.T. & H.J. Dumont, 2013. Life and Work of Michel Edmond de Selys Longchamps (1813-1900), the Founder of Odonatology. Odonatologica 42(4): 369-402. [4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Massard 2020.