Edmund Weiss

Vu Wikipedia
Edmund Weiss
Gebuer 26. August 1837
Jeseník
Gestuerwen 21. Juni 1917
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Astronom, Professer
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina
Famill
Bestuet mat Adelinda Weiss


Den Edmund Weiss, gebuer de 26. August 1837 zu Freiwaldau, Éisträichesch Schlesien a gestuerwen den 21. Juni 1917 zu Wien war en éisträicheschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Weiss war der Jong vum Dokter Josef Weiss a senger Fra Josefa, geb. Vielhauer, an Zwillingsbrudder vum Adolf Gustav Weiss (1837–1894), dee spéider als Professer fir Botanik zu Prag geschafft huet.

Seng éischt Joren huet hien an England an der Géigend vun Richmond gelieft, wou säi Papp eng hydrotherapeutesch Ariichtung opgebaut hat. Nom Doud vum Papp ass d'Famill nees zeréck an Éisträich geplënnert a vun 1847 bis 1855 ass de Weiss zu Troppau an de Lycée gaangen. Dono huet hie Mathematik, Astronomie a Physik op der Universitéit Wien studéiert a gouf 1860 als Dr. phil promovéiert. Vun 1858 un, war hien Assistent op dem Universitéitsobservatoire Wien, wou de Karl Ludwig von Littrow Direkter war. 1869 gouf de Weiss Honorarprofesser an 1875 ordentleche Professer op der Wiener Universitéit.

Am Zesummenhank mam Bau vun engem neien Observatoire vun der Universitéit baussenzeg vu Wien ass de Weiss 1872 an d'USA gereest, fir sech do iwwer Observatoiren an Instrumenter z'informéieren.

Wéi de Littrow 1878, nach ier den neien Observatoire fäerdeg war, gestuerwe war, gouf de Weiss säin Nofollger. Ënner senger Leedung goufen déi béid Haaptinstrumenter bestallt an opgeriicht, 1882 de 27-Zoll-Refrakter vu Grubb, deemools de gréisste Refrakter vun der Welt, an den 11¾-Refrakter vum Alvan Graham Clark.

Weider Reesen hat de Weiss fir d'Observatioun vu Sonnendäischterten an aneren astronomeschen Evenementer gemaach:

1872 gouf hie mat der Adelinde Fenzl (geb. 1845) bestuet. Si haten siwe Kanner. Bis zu senger Pensioun am Joer 1910 war hien Direkter vum Universitéitsobservatoire. Den 21. Juni 1917 ass de Weiss no laanger Krankheet am Alter vun 79 Joer gestuerwen.

Auszeechnungen an Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Nieft villen Artikelen, déi virun allem an den Astronomeschen Nochriichten waren, hat hien och populär Schrëften publizéiert. Ënner anerem hat hien dem Joseph Johann von Littrow säi Wunder des Himmels nei erausbruecht esou wéi och Bilder-Atlas der Sternenwelt. Eine Astronomie für jedermann (1888). Hie war och zanter 1878 Editeur vu 17 Bänn vun de Neuen Annalen der Sternwarte zu Wien-Währing.

Weider Schrëften:

  • Über die Bahn der Ariadne 43. (1858).
  • Über die Bahn des Kometen VIII des Jahres 1858. (1859).
  • Über den Zustand der Astronomie beim Beginn der historischen Zeit. (1864)
  • Berechnung der Sonnenfinsternisse in den Jahren 1868 bis 1870. (1867).
  • Beiträge zur Kenntniss der Sternschnuppen. (18681870).
  • Discussion der wärend der totalen Sonnenfinsterniss am 10. August 1868 angestellten Beobachtungen und der daraus follgenden Ergebnisse. (1870).
  • Sternkarten vom nördlichen und südlichen Himmel. (1874).
  • Beobachtung des Venusdurchganges vom 8. Dezember 1874 in Jassy und Bestimmung der geographischen Länge des Beobachtungsortes. (1875).
  • Über sprungweise Änderungen in einzelnen Redactionselemente eines Instrumentes. (1878).
  • Über die Bahn der Kometen 1843I und 1880a. (1881).
  • Über die Berechnung der Differentialquotienten des wahren Anomalie und des Radius vector nach der Excentricität in stark excentrischen Bahnen. (1881).
  • Entwickelungen zum Lagrange’schen Reversionstheorem, und Anwendungen derselben auf die Lösung der Keppler’schen Gleichung. (1885).
  • Über die Bestimmung von M bei Olbers Methode der Berechnung einer Kometenbahn, mit besonderer Rücksicht auf den Ausnahmefall. (1886).
  • Über die Oberflächenbeschaffentheit der Planeten unseres Sonnensystems. (1891).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Salomon Wininger: Große Jüdische National-Biographie. Band 6. Czernowitz 1932, S. 242 f.
  • Felix Czeike: Historisches Lexikon Wien. Verlag Kremayr & Scheriau, Wien 1997, ISBN 3-218-00547-7 (Band 5) S. 605.
  • Handbuch österreichischer Autorinnen und Autoren jüdischer Herkunft 18. bis 20. Jahrhundert. Hrsg.: Österreichische Nationalbibliothek, Wien. K. G. Saur, München 2002, ISBN 3-598-11545-8 (Band 3) S. 1447.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mitgliederverzeichnis Leopoldina, Edmund Weiss