Edward C. Stone

Vu Wikipedia
Edward C. Stone
Gebuertsnumm Edward Carroll Stone Jr
Gebuer 23. Januar 1936
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago,
University of Chicago
Aktivitéit Physiker, Professer, Direkter
Member vun National Academy of Sciences, American Philosophical Society, American Astronomical Society, International Academy of Astronautics, International Astronautical Federation

Den Edward Carroll Stone, gebuer den 23. Januar 1936 zu Knoxville, Iowa ass en US-amerikanesche Physiker, Planetolog a Weltraumfuerscher.

De Stone hat op der Universéit vu Chicago Physik studéiert mat Master-Ofschloss am Joer 1959 an der Promotioun 1964. Dono war hien um Caltech, wou hien 1967 Assistant Professer an 1976 Professer fir Physik ginn ass. Vun 1983 bis 1988 stoung hien do der Fakultéit fir Physik, Mathematik an Astronomie zur Dispositioun. Hie war Direkter vum Space Radiation Laboratory an 1991 bis 2001 war hien Direkter vum Jet Propulsion Laboratory. Do war hie schonn zanter 1972 als Projet-Wëssenschaftler un der Voyager-Missioun bedeelegt a spéider hire Spriecher, wat him wärend dem Laanschtfluch vun de Voyager-Sonde bei de grousse Planéiten ëffentleche Bekanntheetsgrad verschaaft hat.

Scho vun 1961 war de Stone an der Weltraumfuerschung mat Experimenter zu der kosmescher Stralung an Discoverer-Satellitten aktiv. 1999 krut hien de Carl Sagan Memorial Award. Hien ass Member vun der National Academy of Sciences (1984) a krut ënner villen Auszeechnungen d'NASA Distinguished Service Medal an d'National Medal of Science. Vun 1971 bis 1973 war hie Sloan Fellow an 1975 Fellow vun der American Physical Society.

Zäitweis war de Stone och am Rotscomitee vun der California Association for Research in Astronomy, déi de Keck-Observatoiren bedreift, an Direkter vun der W. M. Keck Foundation.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]