Edwin Foster Coddington

Vu Wikipedia
Edwin Foster Coddington
Gebuer 24. Juni 1870
Gestuerwen 21. Dezember 1950
Nationalitéit USA
Educatioun Ohio State University
Aktivitéit Astronom, Mathematiker

Den Edwin Foster Coddington, gebuer de 24. Juni 1870 zu Miami County, Ohio, USA a gestuerwen den 21. Dezember 1950 zu Columbus (Ohio), USA) war en US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.

De Coddington huet op der Ohio State University zu Columbus bis zu sengem Ofschloss am Joer 1897 studéiert. Uschléissend goung hie fir 4 Joer op de Lick-Observatoire. 1902 krut hien den Doktorgrad op der Universitéit Berlin.

De Coddington hat wärend senger Zäit um Lick-Observatoire dräi Asteroide souwéi de Koméit C/1898 L1 (Coddington-Pauly) entdeckt. Bekannt ass och seng Foto vum Andromedaniwwel. 1898 huet hien en neie Niwwel am Stärebild Ursa Major entdeckt, deen d'Bezeechnung IC 2574 krut, spéider gouf en och als "Coddington-Niwwel" bezeechent.

De Coddington goung zeréck an Amerika, wou hien eng Assistenz-Professur fir Mathematik op der Ohio State University krut. Am Joer 1925 gouf hie Professer fir Mechanik an huet bis zu senger Pensioun am Joer 1940 haaptsächlech am Beräich vum Ingenieurswiesen an der Geodesie geschafft. Hien hat verschidde Methode fir Vermiessungstechnik, ënner Abezéiung vu Stäre an der Sonn, entwéckelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]