Eech zu Sëll
D'Eech zu Sëll ass eng Wantereech (Quercus petraea; chêne rouvre ou chêne sessile; Traubeneiche) déi op der Kräizung vun der Strooss vu Sëll op Räichel mat där vu Sëll op Kapweiler-Kaalmes steet. Si ass sécherlech déi imposantst vun allen Eechen zu Lëtzebuerg, a gehéiert dofir zu de bemierkenswäerte Beem am Land.
De Stamm ass relativ kuerz, däitlech schif, an en dréit eng gewalteg Kroun, déi perfekt proportionéiert an équilibréiert ass, wat sécherlech drop zeréckzeféieren ass datt de Bam zanter ville Joerzéngte fräi steet an no kenger Säit a sengem Wuesstem behënnert gouf.
Den Alter vun der Eech gëtt op ronn 285 Joer geschat (Stand: 2016). De Paul Modert (1962, mëndlechen Témoignage aus engem Nopeschhaus) schreift, datt fréier Maart bei der Eech ofgehale gouf, an datt op der Plaz siwe weider Eeche stoungen.
Ënner der Eech steet eng Statioun vun engem Kräizwee vun 1920.
Tëscht 2000 an 2002 huet d'Sëller Gemeng um Lieu-dit Hëlzent, wou d'Eech steet, eng Parkanlag mat engem 200 m² grousse Weier uleeë gelooss. Och deen ale Wäschbuer gouf restauréiert an et gouf e Foussgängerwee vu Sëll bis an d'Parkanlag ugeluecht.
Interessantes[änneren | Quelltext änneren]
- Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:
- 1907: ronn 4 m
- 1958: 4,72 m
- 1980: 5 m
- ëm 2000: 5,27 m. Du gouf eng Héicht vu 26 m gemooss.
- 28. Februar 2008: 5,47 m.
Domat ass dëse Bam déi drëttdécksten Eech zu Lëtzebuerg (no der Eech zu Heeschbreg an där um Bicherhaff).
1974 gouf d'Sëller Eech duerch e règlement ministériel klasséiert, koum also op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux.[1] 1978 gouf d'Kroun befestegt.[2]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).
- ↑ Decisioun vum Gemengerot vum 1. Februar 1977. D'Aarbechten un der Bamkroun hunn 60.000 LUF (zirka 1500 Euro) kascht. G. Oth & N. Schockmel, 2009, S. 105:
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Oth, Gast & Nico Schockmel, 2009. Chronik unserer Gemeinde von 1940 bis 2008. In Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch, S. 89-121.
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf S. 64-65, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 16-17, Text a Foto).
- Modert, Paul 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 3 fir d'Eech zu Sëll).
- Faber, Ernest, 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Fr. Faber, Miersch. (Cf. S. 31, Bild 8 an der Serie vun den Eechen).
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Kierch zu Sëll
- Aner bemierkenswäert Beem an der Gemeng Sëll:
- Déi dräi déckst Eechen zu Lëtzebuerg:
- Eech zu Heeschbreg
- Eech um Bicherhaff (Gemeng Stadbriedemes)
- Eech zu Sëll
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Eech zu Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |