Eecher Bierg

Vu Wikipedia
Eecher Bierg
Lëtzeb. Numm Eecher Bierg,
Kasinosgaass
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées, Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Eech, Lampertsbierg, Uewerstad
Deel vun Nationalstrooss 7, Nationalstrooss 53
Koordinaten 49°37'11,0"N, 6°7'49,2"O
Morphologie
Längt 1.710 m
Geschicht
Genannt 16. Mee 1925
Genannt no Eech

Eecher Bierg, offiziell Côte d'Eich, ass den Numm vun enger Strooss an der Stad Lëtzebuerg.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Eecher Bierg gehéiert zum gréissten Deel bis zur Kräizung mat dem Boulevard Royal zu der N7. Dat 90 m laangt Stéck vum Boulevard Royal bis bei d'Rue Willy Goergen gehéiert zur N53. Just dat Stéck tëscht der Kräizung mat der Rue Willy Goergen an dem Boulevard Jean Ulveling bis op d'Kräizung mat der Groussgaass, um Roude Pëtz, eng ronn 220 m, gehéieren net méi zur Nationalstrooss.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Eicher Berg” geheescht[1].

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Vun Eech aus huet den Eecher Bierg säin Ufank op der Kräizung mat der N55 op der Eecher Plaz (offiziell Place François-Joseph Dargent) op enger Héicht vun 245 m a féiert da mat enger gläichméisseger Pente vu 4,3 % op de Plateau vun der Alstad. Well den Hank an deen d'Strooss gebaut gouf zimmlech géi ass, stinn net vill Haiser laanscht d'Säiten. De Bierg erop, op der rietser Säit si meeschtens Fielswänn aus Sandsteen, an op der lénkser Säit geet et géi erof an den Uelzechtdall.

Net wäit ewech vun der Plaz, wou d'Glacis-Strooss an den Eecher Bierg kënnt, ass an enger Fiels-Hiel d'Krispines-Figur, och Péiter Onrou genannt, déi bis virun net ze laanger Zäit eng speziell Zort "Pilgerplaz" fir Frae war, déi sëtzegelooss gi waren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Péiter Onrou.

Um hallwe Wee féiert d'Strooss ënner der Rouder Bréck erduerch, an dono, ënner der Passerell vum Lift Pafendall-Uewerstad.

Op der Héicht vum Boulevard Royal gouf 1988 e Sprangbuer ugeluecht.

Uschlëss un aner Stroossen:
vun ënnen no uewen

Alen Eecher Bierg[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem ieweschten Deel vun der Rue des Glacis an dem ënneschten ass e klenge Verbindungswee deen Alen Eecher Bierg heescht.

Casinosgaass[änneren | Quelltext änneren]

Well fréier do den Offizéierscasino vun der preisescher Garnisoun stoung, gëtt den ieweschten Deel vum Eecher Bierg, tëscht der Schigrisgaass (rue du Nord) an der Groussgaass, och nach Casinosgaass[2] genannt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eecher Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  2. och mat der Schreifweis „Kasinosgaass“ gebraucht