Eecherpaart

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Eecherpaart, vu baussen.
Gruef a Reschter vum Ravelin, déi nees fräi geluecht goufen.

D'Eecherpaart ass eng fréier Paart fir an d'Festung Lëtzebuerg, am Pafendall. Si steet um lénksen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwer eng Bréck, Béinchen genannt, mat hirer "Sëschter", der Sichepaart, verbonnen.

D'Eecherpaart gouf no Pläng vum Vauban gebaut, deen de Pafendall mat an d'Festung abanne wollt, a sou nei Verdeedegungsanlagen am Uelzechtdall bäibaue gelooss huet.[1]

D'Eecherpaart hat eng Zuchbréck, déi bei Gefor eropgeklappt konnt ginn. Um éischte Stack war e Quartéier mat Feldbetter fir d'Wiechter amenagéiert, déi do permanent present waren. 1743 hunn d'Éisträicher zousätzlech e kasemattéierte Ravelin virun d'Paart gebaut, an e Gruef ugeluecht, fir se nach besser kënnen ze schützen.

Dëse gouf, wéi d'Festung 1868-1872 geschleeft gouf, planéiert, an d'hëlze Bréck duerch eng stengen ersat.

Den Tuerm ass hautesdaags bewunnt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eecherpaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Panneau bei der Paart.