Op den Inhalt sprangen

Eenandrësseg

Vu Wikipedia
31
Eenandrësseg
positiv ganz Zuel, Primzuel, Mersenne-Primzuel, ongerued Zuel, zentréiert Dräieckszuel, zentréiert dekagonal Zuel, Mersenne-Zuel
Virgänger Drësseg
Nofollger Zweeandrësseg
Ordinalzuel eenandrëssegst
Eegenschaften
Primfacteur(en) 31
Deeler 1, 31
Zuel vun Dezimalzifferen 2
Aner Duerstellungen
Réimesch XXXI
Binär 11111
Oktal 37
Duodezimal 27
Hexadezimal 1F
D'31 ass, ë. a., eng zentréiert Fënnefeckszuel.

Déi natierlech Zuel Eenandrësseg (31) ass d'Nofollgerin vun der Drësseg an d'Virgängerin vun der Zweeandrësseg. Et ass eng ongerued Zuel.

Dat réimescht Zeeche fir d'Eenandrësseg ass XXXI.

Et ass eng Primzuel.

D'Eenandrësseg ass déi drëtt Mersenne-Primzuel .

Et ass eng zentréiert Dräieckszuel, eng zentréiert Fënnefeckszuel an eng zentréiert Zéngeckszuel; s'ass en plus eng glécklech Zuel.

Doriwwer eraus ass d'3110 eng Devlali-Zuel, dat heescht, si kann net aus der Zomm vun enger anerer ganzer Zuel souwéi hiren Ziffere generéiert ginn.

D'Eenandrësseg ass och eng zyklesch Primzuel, korrekt als zirkulär Primzuel bezeechent.

31, 331, 3331, 33331, 333331, 3333331 an 33333331 si Primzuelen.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Eenandrësseg – Biller, Videoen oder Audiodateien