Eenzelgesellschaft (Lëtzebuerg)
Eng Eenzelgesellschaft (entreprise individuelle) ass eng Gesellschaft, déi vun enger eenzeger Persoun gefouert gëtt a keng juristesch Perséinlechkeet huet.
Als Eenzelgesellschaft oder Independant (och nach Fräiberuffler) bezeechent een op eng Persoun, déi hire Beruff an hirem eegenen Numm ausüübt, entweeder als:
- Geschäftspersoun,
- Handwierker oder
- Ubidder vun intellektuellen Déngschtleeschtungen.
Dës Geschäftsform erfuerdert just minimal Formalitéite wat d'Administratioun an d'Gestioun vun den Aktivitéiten ugeet. Se bréngt dogéint awer méi héich finanziell Risiken mat sech, well d'Aktivitéit un dat perséinlecht Verméigen vum selbstännegen Entrepreneur gebonnen ass.
D'Ënnerscheeder am juristesche Status hänke vum beruffleche Status vum Fräiberuffler of, deen:
Grënnung
[änneren | Quelltext änneren]De Fräiberuffler muss de Status als Händler, Handwierker oder onofhängegen Intellektuelle kënne kréien an e muss déi néideg Qualifikatiounen an Autorisatiounen hunn, déi fir seng Aktivitéit néideg sinn. Hien handelt a sengem eegenen Numm. Et gëtt keng Formalitéite fir d'Grënnung vun der Eenzelgesellschaft an se kritt och keng juristesch Perséinlechkeet.
Bezeechnung
[änneren | Quelltext änneren]Eng Eenzelgesellschaft, déi kommerziell Aktivitéiten ausüübt, ka sech en Handelsnumm (enseigne commerciale) ginn; deen däerf net identesch mat schonn existente Bezeechnunge sinn.
Dauer
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt keng festgeluecht Dauer fir d'Ausübe vun der Aktivitéit. Se kann awer duerch d'Dauer vun administrativen Autorisatiounen oder Reglementer, déi spezifesch fir de Beruff sinn, limitéiert sinn.
Opléisung
[änneren | Quelltext änneren]Am Fall vum Doud vum Entrepreneur ënnerläit d'Entreprise den allgemenge Reegele vun der Ierfschaft. Dat bedeit, datt s'opgeléist gëtt, ausser se géif iwwerholl ginn.
Kapital
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt kee Minimalkapital; den Independant entscheet eleng iwwer d'Investitioun, déi e fir seng Entreprise maache wëll.
Verwaltungsorganer
[änneren | Quelltext änneren]Den Independant trëfft all Entscheedungen am Zesummenhang mat sengem Betrib eleng; hie kann awer och Fondé-de-pouvoiren ernennen.
Responsabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]Den Independant trëfft all Entscheedungen eleng an ass eleng verantwortlech fir d'Finanzéierung vu sengem Betrib. Hien iwwerhëlt déi voll Responsabilitéit géintiwwer Drëttpersounen (Geschäftsscholden) a verflicht säi perséinlecht Verméigen.
Dowéinst:
- gëtt et eng Vermëschung vum perséinleche mam Gesellschaftsverméigen;
- ass den Independant onbegrenzt mat sengem perséinleche Verméigen haftbar fir all Geschäftsscholden a Verflichtungen.
Verflichtung
[änneren | Quelltext änneren]Vum Gesetz hir ass keng Iwwerwaachung vun de Finanze virgesinn.
Comptabilitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Eenzelgesellschaft muss eng transparent Comptabilitéit féieren. Jiddereen, dee Geschäftsmann ass, muss de standardiséierte minimale Konteplang benotzen an d'Comptabilitéit am Sëtz vun der Firma versuergen, wann de järlechen Ëmsaz méi héich wéi 100.000 Euro ass.
Den Independant dee Geschäftsmann ass, muss sech am Handelsregëster aschreiwen.
Steieren
[änneren | Quelltext änneren]D'Eenzelgesellschaft ënnerläit follgende Steieren:
- Grondsteier (impôt foncier)
- Kommunal Gewerbesteier (impôt commercial communal)
- Akommessteier fir natierlech Persounen (impôt sur le revenu des personnes physiques).
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Beispiller vun den Handelsnimm vun Eenzelgesellschaften aus dem Handelsregëster[1]:
- Entreprise individuelle A… Natalia (A41764)
- Entreprise individuelle L… Christophe (A31923)
- Entreprise Jacques S…, successeur Paul Z… (A27275)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Eenzelgesellschaft (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ gekuckt op lbr.lu; aus Dateschutzgrënn sinn d'Nimm net komplett uginn