Op den Inhalt sprangen

Eesti Rahvusringhääling

Vu Wikipedia
Eesti Rahvusringhääling
Grënnungsdatum 1. Juni 2007
Sëtz Tallinn
Homepage https://www.err.ee

Eesti Rahvusringhääling (gekierzt ERR, iwwersat Estnesch ëffentlech Telediffusioun) ass e Sender vun ëffentlechem Recht an Estland, deen am Kader vum Gesetz iwwer d'Fusioun vun der estnescher Televisioun (Eesti Televisioon, ETV) mam estnesche Radio (Eesti Raadio, ER) den 1. Juni 2007 gegrënnt gouf.

D'Virbereedunge fir d'Fusioun vu béiden Entitéiten hunn an den fréien 2000er Joren ugefaangen. Am Joer 2006 huet d'Regierung d'Grënnung vun der Eesti Rahvusringhääling als gesetzleche Nofollger vum ETV an ER guttgeheescht.

D'Gesetz iwwer d'Eesti Rahvusringhääling gouf mat 76 Stëmmen dofir, enger dogéint an enger Enthalung den 18. Januar 2007 am estnesche Parlament ugeholl.

Et gëtt dräi ëffentlech Televisiounsprogrammer:

  • Eesti Televisioon (ETV), allgemenge Programm;
  • ETV2, Programm mat Kanner- a Kultursendungen, Filmer a Fiktiounsserien;
  • ETV+, e Programm a russescher Sprooch fir déi russophon Minoritéit.

ERR bedreift 5 national Radiosprogrammer:

  • Vikerraadio (Vollrogramm)
  • Raadio 2 (fir e méi jonke Publikum)
  • Klassikaraadio (klassesch Musek, Volleksmusek, Jazz a Kultursendungen)
  • Raadio 4 (Programm fir sproochlech Minoritéiten, virun allem déi russeschsproocheg Communautéit)
  • Raadio Tallinn (Noriichte fir auslännesch Nolauschterer, dorënner mat Beiträg vum ERR Uudised, BBC World Service an RFI).
 Commons: Eesti Rahvusringhääling – Biller, Videoen oder Audiodateien