Op den Inhalt sprangen

Egäescht Mier

Vu Wikipedia
Egäescht Mier
Land Griicheland,
Tierkei
Länner um Uwänner Griicheland, Tierkei
Fläch 214.000 km²
Koordinaten 38°30'N, 25°18'O

D'Egäescht Mier (oder einfach Egäis; gr.: Αιγαίο Πέλαγος, tr.: Ege Denizi) ass eng grouss Abuchtung am Mëttelmier tëscht Europa an Asien. Et ass den nordëstlechen Deel vum Mëttelmier tëscht dem Balkan an Anatolien, an erstreckt sech iwwer eng Fläch vu ronn 215.000 km2. Am Norde grenzt et un d'Marmaramier, dat iwwer d'Mierenkt vun den Dardanellen a vum Bosporus mam Schwaarze Mier verbonnen ass. An der Egäis leien eng ganz Rëtsch Inselen, d'Egäesch Inselen, woubäi Kreta a Rhodos et no Süden ofschléissen. Westlech vu Karpathos ass mat ronn 2.639 m deen déifste Punkt. D'Thrakescht Mier, d'Myrtoescht Mier, d'Irakescht Mier an d'Mier vu Kreta sinn Ënnerdeelunge vum Egäesche Mier. D'Egäesch Insele kënnen a verschidden Inselgruppen agedeelt ginn, dorënner d'Dodekanes, d'Kykladen, d'Sporaden, d'Saronesch Inselen an d'Nord-egäesch Inselen, sou wéi Kreta mat den Inselen do ronderëm. Zum Dodekanes, am Südosten, gehéieren ë.a. Rhodos, Kos, a Patmos; Delos an Naxos gehéieren zu de Kykladen am Süde vum Mier. Och Lesbos gehéiert zu den Nord-egäeschen Inselen. Euboea, déi zweetgréisst griichesch Insel, läit an der Egäis, a gëtt administrativ zu Zentralgriicheland gezielt. Néng vun 12 administrative Regioune vu Griicheland grenzen un d'Egäis: Attika, Zentralgriicheland, Zentralmakedonien, Kreta, Ostmakedonien an Thrakien, Nord-Egäis, Peloponnes, Süd-Egäis an Thessalien. Op tierkescher Säit sinn et d'Provënzen Edirne, Çanakkale, Balıkesir, İzmir, Aydın a Muğla am Oste vum Mier. Zu den tierkeschen Inselen zielen Imbros, Tenedos, Insel Cunda, an d'Foça Inselen.

D'Egäescht Mier huet an der Geschicht ëmmer nees eng wichteg Roll gespillt, besonnesch, wat d'Zivilisatioun vum Anticke Griicheland ugeet, déi op den Inselen an op de Küsten ëm d'Mier etabléiert war.

D'egäesch Inselen hunn de Kontakt ënnert de Vëlker an der Géigend tëscht Europa an Asien erliichtert. Nieft de Griichen hunn am Norden d'Thraker gelieft. Dono gouf d'Géigend en Deel vum Réimesche Räich a méi spéit vum Byzantinesche Räich, dat se géint Ugrëffer vum Eischte Bulgaresche Räich geschützt huet. De Véierte Kräizzuch huet d'byzantinesch Kontroll awer esou geschwächt, datt se vum Osmanesche Räich eruewert gouf (mat Ausnam vu Kreta, dat, als "Kinnekräich Candia" bis 1669 eng Kolonie vun der Republik Venedeg blouf). Vun 1829 huet sech, nom Griicheschen Onofhängegkeetskrich, de Griichesche Staat am Weste vun der Egäis etabléiert. D'Presenz am Oste vum Osmanesche Räich ass am 20. Joerhonnert, no iwwer 500 Joer, un déi haiteg Tierkei.

Bis haut sinn tëscht Griicheland an der Tierkei d'Bezéiunge belaascht, well déi zwee Länner sech net eens ginn iwwer hir géigesäiteg Limitten, resp. Grenzen vun ë. a dem Loftraum, den terriotoriale Gewässer, den exklusive Wirtschaftszonen an de Fluchinformatiounsregiounen an der Ägäis.[1]

Den Numm Aegaeus, wéi e vu spéitlaténgeschen Auteure gebraucht gouf, bezitt sech op den Aegeus, dee sech an deem Mier erdrénke wollt, nodeems en iertëmlech gemengt hat, säi Bouf Theseus wier beim Kampf mam Minotaurus ëm d'Liewe komm.[2]

Ënner de Réimer huet d'Mier Mare Aegaeum geheescht. Am Héich- a Spéitmëttelalter, wéi d'Republik Venedeg déi meescht griichesch Insele beherrscht huet, gouf et Archipelago genannt (wat "Haapt-Mier" bedeit). An de Südslawesche Sproochen ass den Numm "Wäisst Mier" (bg.: Бяло море, mk: Бело море) am Gebrauch, an d'Tierke soen, wéi ernimmt,Ege Denizi oder och Adalar Denizi ("Inselemier").

Izmir
Athen
Thessaloniki
Bodrum
Stied mat de meeschten Awunner laanscht d'Küst vun der Ägäis
Rang Stad Land Regioun Bevëlkerung
1 Athen Griicheland Zentralgriicheland 3.090.508
2 İzmir Tierkei Provënz Izmir 2.948.609
3 Thessaloniki Griicheland Provënz Makedonien 824.676
4 Bodrum Tierkei Provënz Muğla 198,335
5 Çanakkale Tierkei Provënz Çanakkale 182.389
6 Heraklion Griicheland Kreta 173,993
7 Volos Griicheland Thessalien 144.449
8 Kuşadası Tierkei Provënz Aydın 133.177
9 Chania Griicheland Kreta 108.642
10 Didim Tierkei Provënz Aydın 100.189

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "The Greco-Turkish dispute over the Aegean Sea." Indian Council of World Affairs (Government of India); Archivéiert: 28.02.2024
  2. Hyginus, Fab. 43; Serv. Verg. A. 3.74; Scriptores rerum mythicarum Latini, ed. Bode, i. p. 117 (Second Vatican Mythographer 125).