Egon Bahr

Vu Wikipedia
Egon Bahr
Gebuer 18. Mäerz 1922
Treffurt
Gestuerwen 19. August 2015
Berlin
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Journalist, Politiker, Schrëftsteller, Televisiounsmoderateur, Designer
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland
Member vun PEN-Zentrum Deutschland

Den Egon Karl-Heinz Bahr, gebuer den 18. Mäerz 1922 zu Treffurt a gestuerwen den 20. August 2015, war en däitschen SPD-Politiker.

Als enke Vertraute vum Willy Brandt huet en deem seng Kommunikatioun zu West-Berlin tëschent 1960 an 1966 geleet. An deem Joer ass hir Zesummenaarbecht am Büro vum Ausseministère weidergaangen.

1969 ass e mam Brandt an d'Kanzleramt gaangen, a gouf no de Walen 1972 Bundesminister für besondere Aufgaben. Hie war de Virdenker vum Brandt senger Ostpolitik an eng aflossräich Stëmm bei de Verhandlunge vu verschiddenen Traitéë mat der Sowjetunioun, der DDR a Polen, déi als "Politik vun de klenge Schräck" d'Situatioun entspanen an Ost a West nees méi no beienee brénge sollten.

De Bahr huet d'Regierung nom Brandt senger Demissioun am Mee 1974 verlooss, mä ass am Juli vum selwechte Joer als Bundesminister für wirtschaftliche Zusammenarbeit ënner dem Helmut Schmidt zeréck an eng Regierung komm. Hien ass awer mam Schmidt ni richteg waarm ginn. De Bahr huet säi Ministerposten no de Walen 1976 verlooss, fir duerno nach fënnef Joer SPD-Bundesgeschäftsführer a bis 1990 Deputéierten am Bundestag ze sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]