Eilean Donan


Eilean Donan ("Donnán-Insel") ass eng kleng Insel, déi bei Flut entseet, am Weste vun de Schotteschen Highlands, do wou de Loch Duich, de Loch Long an de Loch Alsh zesumme kommen. Se läit ronn 1 Kilometer baussent dem Duerf Dornie a gëtt vun enger Buerg dominéiert, déi drop steet, an déi e beléift Motiv fir Filmer a Fotoen ass.
D'Insel gouf no engem keltesche Märtyrer an Hellege genannt, dem Donnán vun Eigg (gestuerwen 617), deen do eng Kierch gestëft gehat soll hunn, ma vun där haut keng Spuere (méi) ze fanne sinn. D'Buerg gouf am 13. Joerhonnert opgeriicht, iwwer d'Joerhonnerten ausgebaut a vergréissert, ier se 1719 zerstéiert gouf. Zanter se am fréien 20. Joerhonnert restauréiert gouf, verbënnt eng Foussbréck d'Insel mam Festland.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Eilean Donan castle – Biller, Videoen oder Audiodateien |