Eindhoven Team Time Trial

Vu Wikipedia

Den Eindhoven Team Time Trial ass eng Vëloscourse a Form vun engem Ekippenzäitfueren. Dës Course gëtt zanter 2005 an Holland gefuer an ass vun do un och um Programm vum UCI ProTour.

2005 huet eng Ekipp aus sechs Leit bestanen. D'Zäit gouf gestoppt wann de véierte Mann vun der Ekipp iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer ass.

2006 konnten aacht Leit an enger Ekipp matfueren. Op déi Manéier gläicht d'Course méi engem Ekippenzäitfueren an de groussen Etappecoursen. D'Ekipp "Discovery Channel" mam Benoît Joachim ass hanner dem Gewënner "Team CSC" op déi zweet Plaz komm.

2007 gi fir déi éischt Kéier och individuell UCI-ProTour-Punkte bei dëser Course verdeelt. An der Ekipp déi sech als éischt klasséiert, kritt jiddweree vun de Memberen 10 Punkten, d'Membere vun deenen nächsten Ekippen am Klassement kréien 9, 8, 7, 6, 5, 4, 3 an 2 Punkten, 1 Punkt kritt all Member vun der Ekipp déi sech als 10 klasséiert. Hir individuell UCI-ProTour-Punkte kréien dës Leit awer nëmme wa se d'Course op en Enn fueren.

D'Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]