Eisebunner

Vu Wikipedia
Rottenaarbechterinne vun der Baltimore & Ohio Railroad Company (1943)

En Eisebunner oder eng Eisebunnesch ass eng Persoun déi op der Eisebunn schafft. Hautdesdaags ass am grousse Ganzen all Persoun gemengt déi op der Eisebunn schafft. Fréier waren awer éischter nëmmen déi Leit gemengt déi direkt mam Eisebunnsmaterial- an installatiounen ze dinn haten souwéi déi Beamten déi en direkte Kontakt mam Reesenden haten, d. h. d'Personal op den Zich an an de Garen, souwéi d'Handwierker an d'Aarbechter op de Strecken an an den Atelieren.

All Eisebunnsverwaltung huet eng eegen Nomenklatur fir hiert Personal ze bezeechnen.

De respektive Statut sou wéi d'Bezeechnunge fir Lëtzebuerger Eisebunner sinn am Statut du Personnel des Chemins de Fer Luxembourgeois[1] festgehalen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Consolidéiert Versioun vum Statut du Personnel des Chemins de Fer Luxembourgeois, publizéiert vum Landesverband. Archivéiert op 2019-11-10. Gekuckt de(n) 2019-11-10.