Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Transportation template.svg Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Gare vun Dikrech

De Bau vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg, och nach ënner dem Numm Sauerstreck bekannt, an zwar wéinst hirem Tracé laanscht d'Sauer, geet zréck op eng Konventioun tëscht dem lëtzebuergesche Staat an der Société anonyme des chemins de fer des bassins houillers du Hainaut vum 14. Dezember 1868 respectiv dem 27. Februar 1869, déi an engem Gesetz vum 19. Mäerz 1869 festgehale gouf. Wéi dunn den 10. Mee 1869 d'Compagnie du Prince Henri gegrënnt gouf, krut si d'Rechter an d'Flichte vun der belscher Gesellschaft iwwerdroen, déi mat Aktionär war, an 49.375 Aktië vun am Ganze 50.000 an hirem Besëtz hat. Déi éischt Gesellschaft vum Prënz wéi se am Volleksmond genannt gouf, huet d'Sauerlinn grad sou wéi de Rescht vun hirem Streckennetz bis 1877 exploitéiert. Wéinst Finanzschwieregkeete gouf se du liquidéiert an hir Geschäfter goufe vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri där hir Statuten den 28. Oktober 1877 duerch en Arrêté Royal grand-ducal aprouvéiert goufen, bis zur däitscher Occupatioun 1940, weidergefouert.

D'Streck déi tëscht 1873 an 1874 gebaut gouf war am Ufank 53,85 km laang, an 1891 koum nach d'Streck vu Waasserbëlleg op Gréiwemaacher mat enger Längt vu 6,16 Kilometer dobäi. Deen Deel war dem PH den 30. Januar 1890 aus der Konzessioun vun de Kantonalstrecken iwwerdroe ginn.

Well d'Sauerstreck sech am Laf vun der Zäit als onwirtschaftlech erwisen huet, gouf se de 27. Mee 1964 vun der Dikrecher Gare un an Direktioun Waasserbëlleg zougemaach an duerch en Autobusservice ersat.

Iwwer e groussen Deel vun der Streck tëscht Reisduerf a Waasserbëlleg féiert d'Vëlospist PC3 och Piste des trois rivières genannt.

Betribschronologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vu Rouspert 2010

Garen a Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]