Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz
| |
![]() Kaart vun der Streck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz | |
Linnennummer | 5 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Lëtzebuerg |
op | Klengbetten Grenz |
iwwer | Gare Hollerech, Gare Bartreng-Stroossen, Gare Mamer Lycée, Gare Mamer, Gare Capellen, Gare Klengbetten |
opgaangen | 15. September 1859 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 18,765 km |
Gréisst Steigung | 5 ‰ |
Klengste Radius | 190 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Fuerrichtung | lénks |
Vitesslimitatioun | 130 km/h, 60 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
![]() |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
![]() |
Gare Lëtzebuerg | - |
![]() |
Lëtzebuerg-Triage | |
![]() |
Hollerech | 1,4 |
![]() |
A4 | |
![]() |
A6 | |
![]() |
Ofzweigung Q8 | |
![]() |
Ofzweigung Shell | |
![]() |
Bartreng-Stroossen | 6,2 |
![]() |
Mamer-Lycée | 8,7 |
![]() |
Mamer | 9,8 |
![]() |
A6 | |
![]() |
Ofzweigung NAMSA | |
![]() |
Capellen | 13,0 |
![]() |
Ofzweigung Klengbettener Millen | |
![]() |
Atertlinn | |
![]() |
Klengbetten | 17,9 |
![]() |
Klengbetten Grenz | 18,8 |
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gouf als Verlängerung vun der belscher Ligne du Luxembourg (Streck Bréissel - Namouer, haut Infrabel-Linn 162 an Namouer - Arel, haut Infrabel-Linn 161) als eegleiseg Streck gebaut an ass de 15. September 1859 opgaangen.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass. D'Streck gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 5 bezeechent; bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Linn 50 bekannt. Iwwer d'Streck fiert follgend d'CFL-Linn(Stand: Januar 2025):
- Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel.
Iwwer d'Streck fueren den InterCity J an d'Regionalzich vum CFL.
Déi zweegleiseg banaliséiert Streck ass 18,765 km laang.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An engem Staatsvertrag hate sech am Juni 1855 d'Belsch a Lëtzebuerg drop gëeenegt, fir d'Streck Bréissel - Arel, déi dunn am Gaang war gebaut ze ginn, bis op Lëtzebuerg ze verlängeren. Well et soss keng Interessente gouf, huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vun Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der belscher Grenz bei Stengefort iwwer d'Stad bis op d'preisesch Grenz bei Waasserbëlleg, ausgestallt[1][2]. De 4. Januar 1857 huet d'Compagnie Guillaume-Luxembourg (gekierzt GL, oder „de Wëllem“ genannt) d'Konzessioun vum Favier a Jouve iwwerholl.
Et huet e puer Méint gedauert bis ee sech eens gouf, wou engersäits béi belsch Streck op déi lëtzebuergesch treffe sollt a wou anersäits déi preisesch Militärverwaltung déi definitiv Plaz fir d'Gare Lëtzebuerg festleeë géif.
Iwwerdeems d'Zesummentreffe vun de Strecken op der belsch-Lëtzebuerger Grenz schonn direkt nom Staatsvertrag op enger Héicht südlech vu Betten ((de) Bettingen, zënter 1897 Klengbetten) festgehale gouf, ass am Oktober 1856 eng nei Plaz an engem Dall proposéiert ginn, fir esou op der Lëtzebuerger Säit eng 1.800 m laang Pente vun 1,2 % z'evitéieren. De 7. November 1856 hunn d'Vertrieder vum Wëllem sech bei Sterpenich mat deene vun der belscher Grande compagnie du Luxembourg (GCL) getraff, fir déi nei Plaz z'inspizéieren. Eréischt nodeems d'Schwieregkeeten tëscht den eenzele Parteie gekläert waren – de Grenzpunkt gouf den 13. Mäerz 1858 festgeluecht – ass et dunn nees mam Plange vun der Streck virugaangen. An den urspréngleche Pläng ware just Garen zu Betten a Mamer virgesinn; d'Gemengen op der Streck wollten awer nach zousätzlech Garen zu Bartreng an op der Cap. Iwwerdeems de „Wëllem“ bereet war, eng weider Statioun zu Bartreng virzegesinn, sollt op der Cap versuchsweis stallgehale ginn, ënner der Konditioun, datt d'Onkäschte vun der Gemeng iwwerholl géifen. En „Gare Garnech“ déi vun de Gemenge Garnech, Dippech, Käerch a Simmer an der Géigend vum Wandhaff gefrot gouf, ass ni realiséiert ginn.
Am Juni 1858 gouf den Tracé fir d'Streck esou festgeluecht[3]:
„La ligne de chemin de fer de Luxembourg à la frontière belge près Steinfort appuiera, au sortir de la gare de Luxembourg, sur le côteau de Gasperich, traversera la route d'Esch, puis le ruisseau de Cessingen et se maintiendra ensuite sur le côteau en suivant la rive droite de la Petrusse qu'elle traversera à un peu en dessus de Merl, de là elle passera entre Bertrange et Strassen, contournera le mamelon derrière Bertrange et arrivera au ruisseau de Mamer. Après la traversée de ce ruisseau, le tracé passera sur la gauche du village de Mamer, suivra un pli de terrain jusques après la route des Trois-Cantons et arrivera dans la vallée de l'Eisch; il traversera la rivière d'Eisch et se maintiendra sur le côteau jusqu'à la frontière, qu'il atteindra au Sud de la borne frontière n° 73.“
De Kontrakt fir d'Streck ze baue war am Mee 1858 mat de Bridder Waring ënnerschriwwe ginn an et goung du schëtzeg mat den Aarbechte virun. An engem Rapport vum 22. Oktober 1858 gëtt ernimmt, datt 170 Aarbechter op der Lëtzebuerger Streck schaffe géifen. Op der belscher Säit ass et awer vill méi lues virugaangen an et huet ausgesinn, wéi wann de geplangten Termäin, fir d'Streck am Juli 1859 opzemaachen, net méi ze realiséiere wär. Den 8. August 1859 huet d'GL du matgedeelt, datt se d'Streck bis Enn vum Mount opmaache wéilt. Nodeems eng Kommissioun d'Streck de 5. September ofgeholl hat, gouf se mat den dräi Garë Betten, Mamer a Bartreng de 15. September 1859 fir de Persounen-. a Gidderverkéier opgemaach. Déi feierlech Aweiung war de 4. Oktober 1859, zesumme mat der Gare Lëtzebuerg an der Streck vun der Stad iwwer Beetebuerg op Diddenuewen[4].
1861 war den Accès bei déi geplangt Gare zu Capelle fäerdeg an d'GL war du bereet e Quai ze bauen.
An engem Ofkommes vum 9. Januar 1863 tëscht dem Wëllem an der GCL gouf festgehalen, datt d'GCL d'Betribsrechter fir ë. a. d'Streck Lëtzebuerg-Klengbetten kréich an esou fir de Fuerdéngscht, den Déngscht op de Garen an den Ënnerhalt vun de Gleisanlagen an de Gebaier zoustänneg wär. Nodeems d'GL 1871/72 vun der Reichsbahn iwwerholl gi war, ass de Fuerdéngscht weiderhi vun der GCL assuréiert ginn, de Statiounsdéngscht an den Ënnerhalt gouf vun der Reichsbahn gemaach.
Well nieft de Passagéierzich och ëmmer méi Gidderzich op der Streck ënnerwee waren, ass et mat deem enge Gleis net méi duer gaangen an d'Reichsbahn krut den 31. Mäerz 1897 de Budget accordéiert fir d'Streck zweegleiseg auszebauen. Op verschidde Plaze war den Ënnerbau scho fir en zweet Gleis preparéiert, op anere Plazen ass wéinst dem héijen Trafick nuets geschafft ginn. Zwee Joer méi spéit, den 12. Mäerz 1899 konnt dunn zweegleiseg iwwer déi ganz Streck gefuer ginn.
Wéi an de Joren 1897-1900 d'Streck Lëtzebuerg - Péiteng vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, gebaut gouf, ass den Uewerbau am Beräich vun der Hollerecher Gare méi héich, op en Damm, geluecht ginn, op de selwechten Niveau wéi dee vun der Péitenger Streck. Domat konnt och d'Barriär ënnen am Gaasperecher Bierg ewechgerappt ginn.[5]
Enn 1936 ass d'Barriär op der Helfenter Bréck mat enger Stroossebréck ersat ginn.
1946 gouf d'CFL gegrënnt, et huet sech awer näischt um Betribsdéngscht g'ännert: déi belsch Bunn huet mat hire Lokomotiven de Passagéierdéngscht assuréiert, iwwerdeems d'Gidderzich vu lëtzebuergesche Lokomotive gezu goufen.
Mëtt der 1950er Jore gouf d'Streck grad wéi déi Belsch Linn 162 elektrifizéiert: well an der Belsch d'Streck mat 3.000 Volt Gläichstroum ekipéiert gouf, ass decidéiert ginn zu Lëtzebuerg eng eenheetlech Elektrifizéierung ze realiséieren, fir ë. a. ze verhënneren, datt d'Lokomotive misste gewiesselt ginn. Den éischte belschen Testzuch mat enger elektrescher Lokomotiv ass am September 1956 an der Gare Lëtzebuerg ukomm. Déi nei elektrifizéiert Streck ass den 29. September offiziell ageweit an den Dag duerno, den 30. September 1956, fir de Passagéierverkéier opgaangen[6].
No 1957 sinn zu Bartreng Ofzweiggleiser an d'Pëtrolsdepoten (hautdesdaags Q8 a Shell) geluecht ginn.
Tëschent 1974 an 1980 ass déi ganz Streck erneiert a moderniséiert ginn. Dobäi goufen d'Garëgebaier zu Klengbetten a Bartreng ofgerappt a mat neie méi „funktionellen“ Gebaier ersat. D'Streck ass signaltechnesch moderniséiert ginn a krut déi neist Stellwierkstechnik, souwéi modern Baussenanlagen (Signalschiermer mat LEDen, Achsenzieleren, digital gesteiert Weichenundriffer, asw.). D'Streck tëschent Bartreng a Klengbette gëtt zënterhier vum zentrale Stellwierk zu Klengbetten gesteiert, wat et erlaabt huet, datt d'Garë vu Mamer a Capellen net méi hu misste besat sinn. 1981 sinn dunn och Aarbechte gemaach ginn, fir ë. a. d'Barriäre bei der Leidelenger Gare an op der Dräikantonsstrooss bei Capelle fir zerguttst zouzemaachen a mat Brécken z'ersetzen.
Wéi an den 2000er Joren de Schoulcampus Tossebierg gebaut gouf, ass am Flouer Ënnescht Malmeter an der Gemeng Mamer eng nei Gare Mamer-Lycée gebaut ginn, déi zënter dem Schoulufank 2003 ugefuer gëtt.
Et war bis September 2018 déi eenzeg Streck zu Lëtzebuerg déi mat 3.000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert war. Zanterhier ass se wéi déi aner Strecken zu Lëtzebuerg mat 25.000 Volt 50 Hz Wiesselstroum elektrifizéiert. Et war och déi lescht Streck déi mam ETCS ausstafféiert gouf.
Uschlëss op der Streck
[änneren | Quelltext änneren]CFL-Uschlëss
[änneren | Quelltext änneren]- Klengbetten: Atertlinn an Direktioun Hoen (deklasséiert)
Aner Uschlëss
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Tëscht Lëtzebuerg an Hollerech
-
D'Gare Mamer-Lycée.
-
Vu Mamer a Richtung Capellen
-
An der Klengbettener Gare vum Polvertuerm aus gesinn. Riets d'Gleis vun der Brëtell vun der Atertlinn
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 25 novembre 1855 portant approbation de conventions pour les lignes de chemins de fer du Grand-Duché.. data.legilux.public.lu (25.11.1855). Gekuckt de(n) 12.03.2025.
- ↑ idem, inklusiv dem Text vun der Konventioun an dem Cahier des charges (PDF)
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 9 juin 1858 déterminant le tracé de la ligne de chemin de fer de Luxembourg à la frontière belge. legilux.public.lu/eli/etat/leg/argd/1858/06/09/n1/jo (09.06.1858). Gekuckt de(n) 12.03.2025.
- ↑ (de)Die Inauguration unserer Eisenbahnen. Luxemburger Wort, 1859. Jg., nº 80, p. 1. (06.10.1859). Gekuckt de(n) 12.03.2025.
- ↑ Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen : direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 133)
- ↑ (de)Feierliche Eröffnung einst u. heute.. Luxemburger Wort, 109. Jg., n° 273/274, p. 8. (29.09.1956). Gekuckt de(n) 12.03.2025.