Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech

Vu Wikipedia
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech
De Jangli zu Munneref
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois, Chemins de fer à voie étroite, Reichsbahn zu Lëtzebuerg, CFL
opgaangen 20. Februar 1882
zougemaach 22. Mee 1955
Technesch Donnéeën
Längt 27,265 km
Gréisst Steigung 35 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Streck
Garen, Brécken, Tunnellen PK
Uschlëss a Richtung:
Ëlwen, Waasserbëlleg,
Iechternach, Klengbetten,
Beetebuerg, Péiteng
Gare Lëtzebuerg 0,00
Bouneweg 0,80
Houwald 1,80
Wollefsmillen 3,20
Hesper 3,70
Alzeng 4,70
Lëtzebuerg-Éiter 5,70
Weiler zum Tuer 9,00
Beetebuerg - Uespelt
Uespelt 12,50
Altwis 15,40
Munneref (Duerf) 16,50
Munneref (Bad) 17,40
Diddenuewen-Munneref
Elleng 19,90
Scheierbierg 24,60
Réimech 27,265

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech (Jangli, Jangeli oder och nach Jhangeli genannt) war eng Schmuelspuerbunn déi den 20. Februar 1882 opgaangen ass an op enger Streck vu 27,265 km vun der Stad iwwert Uespelt a Munneref op Réimech gefouert huet.

D'Streck gouf vun 1882 bis 1934 vun der Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois (CSL) bedriwwen an duerno vun de Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE). D'Besatzungsmuecht huet am Zweete Weltkrich der Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerdroen an nom Krich ass se 1946 an d'Hänn vun der CFL gefall.

De leschten Zuch ass den 22. Mee 1955 gefuer[1] an d'Streck ass op Basis vum Gesetz vum 27. Abrëll 1957 ofgerappt ginn[2].

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Mat 27,265 km war d'Streck Lëtzebuerg - Réimech eng vun de längste Schmuelspuerstrecken am Land. Wéinst der maximaler Schréi vu 35 ‰ op der Streck war d'Exploitatioun relativ ongënschteg.

D'Streck ass bannent den Uertschaften iwwert d'Strooss gelaf a baussent den Dierfer meeschtens parallel mat der Landstrooss. Just op zwou Plaze war en eegenen Tracé gebaut ginn: engersäits op dräi Kilometer westlech vun der Uespelter Gare well et do keng Strooss gouf an anersäits tëscht Elleng a Réimech wou d'Streck wéinst der géier Pente an den Hang vum Scheierbierg gebaut gouf.

D'Statioun Scheierbierg louch um fräie Feld, vu wou aus d'Ierpeldenger Gipsgrouwen am Flouer Hiwwelbierg iwwert eng Päerdsbunn ugeschloss waren. All déi aner Gare waren an oder no bei den Uertschaften.

De Jangli hat Uschloss u follgend Schmuelspuerstrecken:

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Iwwert de Réimecher Jangli gëtt et d'Lidd „De Jangli fiert den Houwald erop“, gesonge vum Colette a Fernand Wark, eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Fernand Wark a Jeff Besch vum amerikanesche Lidd “On the Atchison, Topeka and the Santa Fe” vun 1944[3],[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Linn Lëtzebuerg - Réimech op rail.lu (gekuckt den 20.03.2023)
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 27 avril 1957, portant suppression du service ferroviaire sur les lignes à voie étroite de Luxembourg à Echternach, de Luxembourg à Remich et de Bettembourg à Aspelt et autorisation de la Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois à effectuer la desserte des dites lignes par un service routier à exploiter en régie. legilux.public.lu (27.04.1957). Gekuckt de(n) 20.03.2023.
  3. De kompletten Text vun "De Jangli fiert den Houwald erop" op rail.lu
  4. Johnny Mercer: "On the Atchison, Topeka and Santa Fe" op YouTube