Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl
Bedreiwer Compagnie des chemins de fer Prince-Henri, Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, CFL
Technesch Donnéeën
Längt 9,3 km
Gréisst Steigung 25‰
Klengste Radius 150 m
Spuerbreet Normalspuer
Lokomotiv Nr.8 vun der ARBED Déifferdeng

D'Streck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl ass gebaut ginn fir d'Minett, déi do ofgebaut gouf, bei d'Héichiewen ze transportéieren. Et war also eng reng Gidderstreck. Si ass 1-gleiseg a gouf an Normalspuer (1.435 mm) gebaut ginn.

D'Streck gouf a gëtt haut nach "Misärsbunn" genannt: Wéinst de schwéiere Chargen an dem liichten Ënnerbau hunn d'Gleiser net duergehalen an et koum dacks zou Entgleisungen an Accidenter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1869: D'Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri ("PH" oder "Prënz") gëtt vum Lëtzebuerger Staat chargéiert fir an der neier Industrieregioun am Süde vum Land Eisebunnsstrecken ze bauen. Si huet, fir déi Projete finanzéieren ze kënnen, 417 ha Konzessioune fir Minett ofzebauen zougesprach kritt. Als Konterparti sollten 162 km Eisebunnsstrecke gebaut ginn. Eng dovu war d'Streck "Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl". De "Prënz" war allerdéngs net autoriséiert fir selwer seng Konzessiounen z'exploitéieren, hat awer de Monopol fir den Transport. Verschidde belsch, franséisch a lëtzebuergesch Gesellschaften hunn den Ofbau bedriwwen an d'Minett mat der Eisebunn an hir Héichiewen transportéiert.
  • 1873 ass d'Sektioun Péiteng - Fond-de-Gras a Betrib geholl ginn an
  • 1879 d'Sektioun Fond-de-Gras - Doihl - Bois châtier.
  • 1938: D'Streck gëtt moderniséiert: D'Schinne gi mat Tirefonden un d'Schwellen ugeschrauft. Am selwechte Joer gëtt de Betrib tëscht dem Doihl an dem Bois châtier agestallt.
  • 1940 - 1944: D'Deutsche Reichsbahn iwwerhëlt d'Gestioun.
  • 1944: Nom Enn vun der däitscher Besatzung huet de Lëtzebuerger Staat provisoresch e Comité de gérance an e Comité de Direction agesat fir d'Eisebunn ze bedreiwen.
  • 1946: Déi nei gegrënnte Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) iwwerhëlt d'Gestioun.
  • 1962 ass mam Betrib opgehale ginn well d'MMR, deemools déi eenzeg Firma déi d'Minière nach exploitéiert huet, hir Minett iwwer hir eege Minièresbunn a mat hirer Seelbunn an d'Rodanger Schmelz gefouert huet.
  • 1964 am Fréijoer: Um km 2,500 rutschen 30.000 m³ Steng, Leem a Buedem, op der Héicht vum Fuussbësch, de Bierg erof a begruewen d'Gleis. Domat war et du Schluss mam Schinneverkéier op enger Streck, déi net onwiesentlech zum Räichtem vum Land bäigedroen huet. Dat war eng gutt Ursaach fir d'Stréck ouni vill Gespréich ausser Betrib ze setzen.
  • 1970 gouf d'Stréck offiziell mat engem Arrêté ministeriel vum 6. Oktober broochgeluecht. Dat selwecht Joer huet d'AMTF sech konstituéiert mam Zil, d'Streck erëm zu touristeschen Zwecker a Betrib ze huelen. Fir d'éischt ass den Tronçon Fond-de-Gras - Doihl an d'Rei gesat ginn, fir en Zougank zu der Strooss ze kréien. Duerno gouf d'Streck Fond-de-Gras - Fuussbësch an Ugrëff geholl.
  • 1973, de 4. August, war et sou wäit: Den "Train 1900" huet de Betrib opgeholl.
  • 1981, den 1. Dezember, ass déi lescht Minière vu Lëtzebuerg, den "Tillebierg" zu Déifferdeng, zougemaach ginn.
  • 1986: Bis do huet den Terrain vun der Streck a vun der Gare Lamadelaine nach ëmmer der CFL gehéiert. Den deemolege Kulturminister Robert Krieps léisst e Projet ausschaffe fir am Fond-de-Gras en Industriepark anzeriichten.
  • 1987: D'Decisioun, fir den Äerdrutsch am Fuussbësch ewechzebaggeren, fält.
  • 1989, 9. Mee: Den Tronçon Fuussbësch - Péiteng kann erëm befuer ginn. Awer nach net bis an d'Péitenger Gare, well am Wanter 1980/81 waren d'Gleiser bei Noutstandsaarbechten erausgerappt ginn, fir nei Industriehalen opzeriichten.
  • Terrainen hu missen opkaaft ginn, fir en neit Gleis laanscht déi Halen ze leeën.
  • 2001: Nieft der Péitenger Gare ass en neie Quai an 2 nei Gleiser (+ Waasserkran) fir den "Train 1900" ugeluecht ginn, fir déi ganz Streck erëm pratikabel ze maachen.

Beschreiwung vun der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Si huet deemools aus zwou Sektioune bestanen:

Sektioun Péiteng - Lamadelaine[änneren | Quelltext änneren]

Obschonn d'Streck vu Péiteng ronderëm de Prënzebierg an den Tëtelbierg op Fond-de-Gras (och kuerz "Gras" genannt) gefouert huet, huet d'Gare vu Fond-de-Gras den Numm "Lamadelaine" kritt.

Déi Sektioun ass den 20. Dezember 1873 a Betrib gaangen, an ass 6,060 km laang. Ënnerwee huet si eng ganz Rei Quaien, wou d'Minett an d'Waggone getippt gouf, bedéngt.

Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

  • Gare Péiteng: Quai d'Huart (Numm vun der Gesellschaft, déi d'Minettskonzessioun exploitéiert huet), wou d'Minett iwwer e Plan incliné vum Prënzebierg erof transportéiert gouf (bis 1928).
  • Gare Péiteng: Silo Providence (och "Käseminn" (case à mine) oder "d'Bréck" genannt). Dëst war e Gebai aus Bëtong, wou d'Minett an enger Héicht vu 15 Meter a Siloe getippt gouf a wou se ënnen an d'Waggonen (Talboten) agefëllt gouf.
  • Kuerz hanner der Gare huet en "embranchement" (Gleisanschluss) d'Firma GENEWO-BERG, déi mat Baumaterial gehandelt huet, bedéngt.
  • Vun do aus, ass et géi biergop gaangen (~ 25 ‰).
  • Quai Prënzebierg (Pk 2,00), dee vun der Société Athus exploitéiert gouf. Dëse Quai ass awer nëmme bis ufanks 20. Joerhonnert gebraucht ginn, well duerno um Prënzebierg am Tagebau à ciel ouvert ofgebaut gouf.
  • Quai Schlammebierg (Pk 2,40) vun der Société des Hauts-Fourneaux de Hollerich, deen nëmme bis an 1880-er Joren a Betrib war.
  • Quai Angleur oder Fussbësch (Pk 2,62). Hei bestinn 2 Gleiser op ongeféier 100 Meter an eng bascule.
  • Päerdsstall. Do waren d'Päerd ënnerbruecht, déi an de Galerien d'Buggie gezunn hunn.
  • Quai Rolleng (Escher Erzgrubengesellschaft) (Pk 4,00). Do war fréier och eng Barriär, um Wee deen d'Uertschaft Rolleng (Lamadelaine) mat der Muttergottesknippche verbonnen huet.
  • D'Streck féiert elo laanscht den Tëtelbierg.
  • Quai Géienhonger (S.A.Minière et Métallurgique de Rodange) (Pk 4,56)
  • Quai Hackels (Angleur) (Pk 4,76), wou ee schéin Vuen op Rodange an op Nidderréideng huet.
  • Quai Stackels (Pk 5,20), dee vun der Entreprise Schiltz-Lacroix exploitéiert gouf.
  • Quai Unterst Blénken (Pk 5,96).
  • Quai Collart (Pk 6,00)
  • Quai Chiers (Pk 6,10).
  • Quai Reuter a Van Mossevelde (Pk 6,10).
  • Quai Langfuhr (Pk 6,20).
  • Gare Lamadelaine.

Sektioun Lamadelaine - Bois châtier[änneren | Quelltext änneren]

Dës Sektioun ass den 19. Abrëll 1879 a Betrib gaangen an huet no 3,390 km d'franséisch Grenz erreecht.

Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

  • Gare Lamadelaine.
  • Quai Gras (MMR-Ougrée)(Km 6,70) am Doihl, wou d'Rodanger Schmelz Minièrë bedriwwen huet an d'Minett spéider mat der Seelbunn Doihl-Rodange bei d'Héichuewen transportéiert huet.
  • Quai Bois de Rodange (Km 7,35), deen ufanks vun der Firma Marcinelle-Couillet a spéider vun der Soc. Berens vu Rëmleng exploitéiert gouf.
  • D'Strooss "Rodange - Zowaasch", ass deemools mat enger Barriär geséchert ginn. Hei ass haut den Terminus vum "Train 1900".
  • Quai La Bergerie (Ougrée) (Km 8,80).
  • Quai Klopp (Sclessin a Couillet) (Km 9,20).
  • Quai Bois châtier (Cockerill a Raty) (Km 9,5), Endpunkt vun der Streck.

Gare Lamadelaine[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare Lamadelaine haut mam Schëld Fond-De-Gras
Verluedequai am Fond de Gras

D'Gare Lamadelaine war als Gare 2. Klass aklasséiert. Si huet aus 8 PH-Gleiser, 6 Privat-Gleiser, 19 Weichen, 1 Englänner (= duebel Kräizungsweich), 4 Basculen an engem Waasserkran bestanen. Eng Lokomotiv huet d'Waggonen an der Gare rangéiert wärend zwou anerer d'Rammen op Péiteng gezunn hunn. Wéinst den enke Kéieren an deem liichten Ënnerbau vum Gleis sinn nëmmen 3 bis 4-achseg Damplokomotiven agesat ginn. An engem Gebai (wat haut nach profitéiert gëtt) ware Büroen an e klengt Stellwierk.

Dëst Gebai, dat haut als Gare benotzt gëtt, steet deelweis um Territoire vun der Gemeng Déifferdeng.

An der Gare selwer waren nach 5 Quaie fir Minett ze lueden: Collart, Reuter a Van Mossevelde, Langfuhr, Chiers an Unterst Blanken.

D'Gare am Fond-de-Gras an d'Eisebunnsstreck tëscht Doihl-Fond-de-Gras a Fuussbësch mam technesche Material dat dozou gehéiert stinn zanter dem 6. August 1987 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).