Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg
![]() | |
![]() | |
Linnennummer | 7 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
iwwer | Gare Hollerech, Gare Leideleng, Gare Dippech-Reckeng, Gare Schuller, Gare Nidderkäerjeng-Suessem |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 20,40 km |
Gréisst Steigung | 14 ‰ |
Spuerbreet | Normalspuer |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
![]() |


D'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg gouf vun der Société des chemins de fer Prince-Henri, kuerz PH oder de Prënz genannt, als eegleiseg Streck gebaut. Si ass 20,369 Kilometer laang a leeft haaptsächlech op de Gemengegrenzen. Deemools wollt keng Gemeng den Damp an de Stëbs an hiren Uertschaften[Source?]. Zanter Dezember 2012 ass se zweegleiseg.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 7 bezeechent. Bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Linn 70 bekannt. Iwwer d'Streck fiert follgend d'CFL-Linn(Stand: Januar 2025):
- Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange - Attem (Athus).
Passagéier
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 2024 goufen op der Linn 3,6 Millioune Passagéier gezielt[1].
Am Verglach dozou, historesch Zuelen:
Gare | Passagéier |
---|---|
Lëtzebuerg | 90.740 |
Hollerech | 2.646 |
Leideleng | 10.866 |
Dippech | 24.078 |
Schuller | 10.382 |
Nidderkäerjeng | 18.680 |
TOTAL | 157.392 |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De 27. Oktober 1891 huet de „Prënz“ eng Konzessioun ugefrot fir eng Normalspuerstreck vun der Stad iwwer Märel, Dippech, Schuller an Nidderkäerjeng bis op Péiteng ze bauen. Eng aner Demande gouf e knappe Mount méi spéit, den 21. November 1891 vun der Guillaume-Lëtzebuerg (GL) agereecht, déi och eng Streck Lëtzebuerg - Péiteng, mat enger eventueller Verlängerung bis op d'franséisch Grenz, baue wollt. Et koum zu Streidereien tëscht den zwou Gesellschaften, wien déi Streck baue sollt, se sinn sech awer net eens ginn. Doropshin huet de Staat Enn 1894 decidéiert, dem „Prënz“ d'Konzessioun auszestellen[2]. Am Mäerz 1896 gouf den Tracé fir d'Streck esou festgeluecht:
„Le chemin de fer de Luxembourg à Pétange prendra son origine à la sortie de la gare centrale de Luxembourg, se développera à gauche de la ligne d'Arlon et traversera la crête de partage entre la Messe et la Pétrusse, aux environs de la limite séparative entre les communes de Leudelange et de Bertrange, passera entre les villages de Reckange et de Bettange, d'où il gagnera les abords de la ferme dite «Hoerchen», passera entre Bascharage et Sanem pour traverser la vallée de la Chiers à quelque distance du moulin de Bascharage et aboutir à la gare de Pétange.“
D'Streck sollt eng wichteg Direktverbindung fir de Persounentransport tëscht Paräis an Däitschland ginn an Ëmweeër sollten evitéiert ginn. D'Streck gouf wäit vun den Dierfer ewech geplangt an Demandë fir se ë. a. méi no bei Suessem oder Leideleng ze leeën, goufe refuséiert.
D'Aarbechte fir den Ënnerbau hunn am Fréijoer 1898 ugefaangen iwwerdeems den éischte Spuetstéch vun den eigentlechen Aarbechten de 5. August 1898 bei Dippech, ongeféier an der Mëtt vun der Streck, gemaach gouf. D'Kilometréierung huet an der Achs vum Garëgebai zu Péiteng ugefaangen a besteet bis haut nach esou.
Fir de Bau vun der Streck goufen italieenesch Aarbechter engagéiert. Am Fréijoer 1898 koum et zu Streidereien, well d'Aarbechter méi en héije Stonneloun gefrot hunn (si kruten 0,35 Frang d'Stonn). Am November vum selwechte Joer hunn d'Italieener an der Géigend vu Leideleng wéinst ze nidderegem Loun gestreikt an et koum zu Kläppereien; doropshi krute si gekënnegt. Eng éisträichesch Firma krut d'Commande fir d'Gleiser vu Suessem bis an d'Stad ze leeën a 40 éisträichesch Aarbechter hunn d'Italieener ersat.
Fir an d'Gare Lëtzebuerg eranzefueren, goufen et uganks Iwwerleeunge fir vun Hollerech un iwwer d'GL-Gleiser vun der Klengbettener Streck ze fueren. Well awer deemools op där Streck Ëm- an Ausbauaarbechte geplangt waren, war d'GL resp. d'Reichsbahn, déi der GL hir Strecken exploitéiert huet, net domat averstanen.
Déi nei Streck ass den 8. August 1900 opgaangen an de 7. September 1900 war déi offiziell Aweiung vun der Streck an enger Partie Garen. De Festzuch bestoung aus de Voituren, déi de PH dat Joer geliwwert krut. Fir d'Passagéier ass d'Streck den Dag duerno, den 8. September opgaangen. Vum 1. Mee 1901 u sinn déi nei Schnellzich Lëtzebuerg - Paräis iwwer d'Streck gefuer a mam Gidderverkéier ass et – well nach verschidden Aarbechten hu misse gemaach ginn – eréischt den 22. Juli 1901 lass gaangen.
Déi ursprénglech eegleiseg Streck hat 20,369 km, wouvun 19,867 km der PH an de Rescht (0,502 km) der GL gehéiert hunn. Op der Streck louche follgend Garen: Hollerech, Leideleng, Dippech an Nidderkäerjeng. Schuller koum eréischt 1901 bäi an d'Gebai dräi Joer duerno (1904). D'Hollerecher „Prënzegare“ ass mat Verspéidung eréischt den 1. Mee 1902 offiziell opgaangen.
Am Kader vun den Noutstandsaarbechte goufe vum 1. Oktober 1932 bis 1934 Terrassementsaarbechten tëscht de Garë Péiteng an Dippech gemaach, fir d'Streck zweegleiseg ze bauen. En zweet Gleis ass awer deemools net geluecht ginn.
Den 10. Mee 1940 ass d' Deutsche Reichsbahn neie Patron vun der Streck ginn; d'Fuerrichtung op der Streck gouf vu lénks (wat beim PH Usus war) op riets gewiesselt, wéi et soss iwwerall um Reseau vun der Reichsbahn war. Mat der Liberatioun vum gréissten Deel vum Land, den 10. September 1944, ass e provisoresche Comité de gérance fir d'Verwaltung vun der Streck agesat ginn. Den 1. Juni 1945 ass d'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) gegrënnt ginn, déi d'Streck zënterhier verwalt.
Nodeems d'Elektrifizéierung vun der Streck jorelaang am Gespréich war, goufen déi éischt konkreet Pläng awer eréischt opgestallt, wéi iwwer den Neibau vun der Streck Esch-Péiteng diskutéiert gouf. 1980 huet den CFL-Verwaltungsrot den Accord gi fir d'Streck z'elektrifizéieren, wouropshin an de Joren 1980/81 als Virbereedung dozou, d'Anlage moderniséiert a sanéiert goufen (den Uewerbau an d'Signalisatioun goufen erneiert, d'Auswäichgleis zu Dippech gouf verlängert, asw.). Den 1. Juni 1981 ass déi elektrifizéiert Streck, déi fir e Käschtepunkt vun 346 Millioune Frang ëmgebaut gouf, fir de Verkéier opgaangen.
De 25. September 1993 ass dee leschte Paräisser Schnellzuch iwwer d'Péitenger Streck an d'Stad gefuer.
An den 1930er Jore gouf schonn iwwer den zweegleisegen Ausbau vun der Streck geschwat, et huet awer bis 2000 gedauert, bis d'Gesetz iwwer en deelweisen Ausbau vun der Streck Lëtzebuerg - Péiteng - Rodange an der Chamber gestëmmt gouf. Den urspréngleche Budget louch am Gesetz vum 24. Juli 2000 bei 1,992 Milliarde Frang (ëmgerechent 49.393.949,91 Euro); e gouf den 3. Juni 2003 op 319.920.000 Euro eropgesat[3][4]. Am Fréijoer 2001 huet d'CFL dem Transportminister de geplangten Ausbau vun der Streck am Detail virgestallt, huet awer och drop higewisen, datt et ekonomesch besser wier, direkt déi ganz Streck zweegleiseg ze bauen, an net wéi virgesi ronn 1,7 km eegleiseg ze loossen, fir esou d'Käschten ze spueren, déi fir de Bau vun zwou Autobunnsënnerféierungen néideg wieren. D'Regierung huet déi Propos och ugeholl an et goung ee sengerzäit dovun aus, d'Streck bis 2008 fäerdeg ze hunn.
Den 13. Dezember 2004 ass mat den Aarbechte fir d'Streck zweegleiseg auszebauen ugefaange ginn. Et goufen ë. a. 9 Brécke méi breet gemaach, en zweete Quai an de Garë vun Nidderkäerjeng, Schuller a Leideleng gebaut, verschidde Barriären zougemaach a mat Brécken ersat (Nidderkäerjeng a Leideleng). Am Mee 2010 ass déi al Bréck iwwer d'Areler Autobunn ofgerappt a mat enger moderner Bowstring-Bréck ersat ginn. De 7. Dezember 2012 ass déi ewell zweegleiseg Streck dunn ageweit ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Péiteng op der Websäit "rail.lu"
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Nouveau record de fréquentation des trains CFL: plus de 31 millions de voyageurs et voyageuses accueillis en 2024. groupe.cfl.lu. Gekuckt de(n) 10.03.2025.
- ↑ (fr)Loi du 23 décembre 1894, qui approuve la convention du 16 novembre 1894, concernant la concession à la société Prince-Henri d'une ligne de chemin de fer de Luxembourg à Pétange. data.legilux.public.lu (23.12.1894). Gekuckt de(n) 09.02.2025.
- ↑ (fr)Loi du 24 juillet 2000 modifiant la loi modifiée du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire. data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 10.03.2025.
- ↑ (fr)Loi du 3 juin 2003 modifiant la loi du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire. data.legilux.public.lu (10.05.1995). Gekuckt de(n) 10.03.20025.
- Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print. (S. 452-465)