Eisenach (Äifel)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Eisenach am Landkrees Béibreg-Prüm. Fir d'Stad Eisenach an Thüringen, kuckt wgl. Eisenach.
Eisenach
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 384
 (31. Dezember 2022)
Fläch 631 ha
Héicht 350 m
Koordinaten 49° 51’ 06’’ N
      06° 30’ 32’’ O
Telefonszon 06506
Postcode 54298
Websäit http://www.suedeifelinfo.de/


Eisenach ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Et läit eng 3 km ëstlech vun Irrel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eisenach gouf eng éischt Kéier am Joer 762 als "Hisnanca in pago Bedinse" an enger Charte ernimmt, an där de Godoin a säi Jong Helmerich hire Besëtz zu Eisenach dem Klouschter Iechternach vermaach hunn.[1]

Och d'Domkapitel zu Tréier hat Stécker Land um Territoire vun der haiteger Gemeng, déi no der franséischer Revolutioun verkaaft goufen.

Bis de 7. November 1970 huet Eisenach zum Landkrees Tréier-Saarburg gehéiert, zanterhier ass et Deel vum Krees Béibreg-Prüm.[2]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):

  • 1815 – 260
  • 1835 – 398
  • 1871 – 416
  • 1905 – 433
  • 1939 – 414
  • 1950 – 404
  • 1961 – 382
  • 1965 – 369
  • 1970 – 388
  • 1975 – 377
  • 1980 – 359
  • 1985 – 342
  • 1987 – 348
  • 1990 – 333
  • 1995 – 348
  • 2000 – 328
  • 2005 – 370
  • 2007 – 366
  • 2009 - 363

Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisenach, Eifel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Camille Wampach, Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur Burgundischen Zeit, 10 Bde., Luxemburg 1935–1955 I 2 Nr. 47).
  2. Amtliches Gemeindeverzeichnis 2006, Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz, Seite 160