Ejnar Hertzsprung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Ejnar Hertzsprung, gebuer den 8. Oktober 1873 zu Frederiksborg; gestuerwen den 21. Oktober 1967 zu Tølløse war en däneschen Astronom.

No sengem 1898 ofgeschlossenem Chemiestudium schafft den Hertzsprung e puer Joer zu Sankt Petersburg. 1902 geet hien op Leipzig, fir beim Wilhelm Ostwald Fotochemie ze studéieren. Wou hien zréck koum huet hie sech am Joer 1902 ëm éischt astronomesch Studien interesséiert, déi hien an der Universitéit an am Urania-Observatoire zu Kopenhagen nogaangen ass.

Am Joer 1909 léiert den Hertzsprung de Karl Schwarzschild kennen, deen him zu Göttingen eng Professur verschaaf huet. 1909 ass hie mat dem Schwarzschild op Potsdam gaangen. 1919 koum den Hertzsprung op den Universitéitsobservatoire op Leiden (Holland), wou hien d'Leedung vum Observatoire an de Joren 1935 bis 1944 hat.

Den Hertzsprung huet duerch seng Fuerschungsaarbecht wichteg Bäidréig zu der Entwécklung vun der moderner Astrophysik geleescht. Schonn am Joer 1905 definéiert hie mat der absoluter Magnitude eng Mooss fir d'Liichtkraaft vun engem Stär. Ausserdeem entdeckt hien, datt bei Stäre vu gläicher Uewerflächentemperatur Risestären an Zwergestäre optriede kënnen, woumat hien e Klassifizéierungszeeche gemaach hat.

1909 schafft den Hertzsprung un Uewerflächentemperatur-Liichtkraaft-Bezéiungen. Fir d'Fro ze léisen, ob et kal a waarm liichtkräfteg Stäre gëtt, entwéckelt hien e Temperatur-Liichtkraaft-Diagramm. 1911 entdeckt den Hertzsprung kleng Hellegkeetsschwankunge vum Polarstär, woumat hien en den Delta-Cepheiden (Stäre mat periodeschem Wiessel vun den Hellegkeeten) zourechne konnt. 1913 ass et him gelongen d'Distanz vun der klenger Magellanscher Wollek unhand vun der Perioden-Liichtkraaft-Bezéiung vum Henrietta Swan Leavitt ze bestëmmen. Och am selwechte Joer 1913 erlieft säin Temperatur-Liichtkraaft-Diagramm duerch den Henry Norris Russell eng Iwweraarbechtung an eng anstänneg Publikatioun (Hertzsprung-Russell-Diagramm, HRD). 1915 beschäftegt sech den Hertzsprung mat den Duebelstären, zu deenen hirer Observatioun hien e fotografescht Prezisiounsverfahren entwéckelt huet. Dobäi entdeckt den Hertzsprung am Joer 1924 och den Asteroid 1702 Kalahari. Ausserdeem fënnt hien eng Bezéiung tëscht der Mass an der Liichtkraaft, déi hien 1919 an allgemenger Form fir d'Haaptreiestäre vum HRD formuléiert. Säin zweeten Asteroid entdeckt hien am Joer 1929. Et ass den Nummer 1627, Ivar genannt.

1929 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. 1937 krut den Hertzsprung och nach Bruce Medail.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]