Ekliptikal Breet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Ekliptikschréi, Himmelskoordinaten
Ekliptikschréi, Himmelskoordinaten

D'ekliptikal Breet β ass eng vun zwou Himmelskoordinaten vum ekliptikale Koordinatesystem.

Si zielt vun der Ekliptik – der visueller järlecher Sonnebunn ënner de Stären – positiv no Norden (Richtung nërdlechen Himmelspol) an negativ no Süden a ass mat der geographescher Breet ze vergläichen.

Bei der Sonn ass β bal Null, well däre Bunn jo zu der Definitioun vun der Ekliptik déngt. Wann d'Äerd kee Mound hätt, da géif β trotz Bunnstéierunge duerch aner Planéite maximal e puer honnerdstel Sekonnen erreechen. Well awer de Mound méi wéi 1 % vun der Äerdmass huet, kreest hien net ëm d'Äerd, mä ëm dee kollektive Schwéierpunkt, de sougenannte Baryzentrum. Dësen Ënnerscheed vun ongeféier 5000 km bewierkt eng liicht Op- an Ofbeweegung vun der Äerd vum Ekliptikplang vu bis zu 1″.

Déi zweet Koordinat heescht ekliptikal Längt (λ) an zielt an der Ekliptik a Richtung vum järleche Sonnelaf.

Bei de Planéite kann déi ekliptikal Breet β 1° bis 7° hunn, well hire Bunneplang géint d'Ekliptik ëm e puer Grad gebéit sinn. Bei Zwergplanéite kann d'Schréi zwar däitlech méi héich sinn (Eris: 44°), och bei munnechen Asteroide ka s'iwwer 20° sinn, genausou wéi bei Koméite an anere Klengkierper.

Iwwer d'Ëmrechnung tëscht ekliptikale Koordinate (β, λ) an equatoriale Koordinate (α, δ) kuckt Ekliptikal Längt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie