Ekologie

Vu Wikipedia

D'Ekologie ass eng Wëssenschaft bannent der Biologie, déi sech mat den Organismen an hirer natierlecher Ëmwelt a mat de Wiesselbezéiungen tëscht deenen zwee beschäftegt. Jee no methodologescher Approche kann een ënnerscheeden tëscht:

  • Autoekologie: am Mëttelpunkt steet e Liewewiesen oder eng Aart a studéiert gëtt den Afloss vun den abiotesche Faktoren op dës Aart an d'(evolutiv) Upassunge vun där Aart un déi Faktoren, z. B. wéi eng Strategien hu Fësch fir mam Salzgehalt vum Mierwaasser eens ze ginn.
  • Synekologie: beschäftegt sech mam Studium vun Ekosystemer.
  • Demekologie: ass d'Ekologie vu Populatiounen an ënnersicht d'Bezéiungen tëscht enger Populatioun an hirem Liewensraum, z. B. wéi vill Individue vun enger Aart e bestëmmte Biotop ophuele kann.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ekologie – Biller, Videoen oder Audiodateien