Op den Inhalt sprangen

Elbphilharmonie

Vu Wikipedia
Elbphilharmonie
Land Däitschland
Koordinaten 53°32'29,1"N, 9°59'3,1"O
Fläch 120.000
Architekt(en) Herzog & de Meuron
Datum vum Bau 1963
Opgaangen 11. Januar 2017
Proprietär Hamburg
Genannt no Elbe

D'Elbphilharmonie ass e Concertsgebai zu Hamburg, um Uwänner vun der Elbe an um westleche Wupp vun der HafenCity, engem Deel vum Distrikt Hamburg-Mitte. Se gouf den 11. Januar 2017 ageweit; den Entworf ass vum Basler Architektebüro Herzog & de Meuron. Den NDR Elbphilharmonie Orchester an den Ensemble Resonanz hunn do hir Residenz.

De Grondstee gouf de 7. Abrëll 2007 geluecht.

De Bau stoung joerelaang an der Diskussioun, well, wéi sou dacks, souwuel d'Bauzäit wéi och d'Käschten ëm dat Villfacht iwwerzu goufen. Déi éischt Pläng hun eng Privat-Public-Partnerschaft virgesinn, un där d'Stad Hamburg mat 77 Milliounen Euro bedeelegt sollt ginn. Enn 2014 gouf dann d'Enn vun den Aarbechte fir 2017 ugekënnegt, an d'Käschte waren an der Tëschenzäit op 866 Milliounen Euro geklommen, wouvunner der 789 fir de Steierzueler waren.

D'Basis vum Gebai ass e fréiert Lagerhaus, de Kaispeicher A aus dem Joer 1963, wou Kakao, Téi an Tubak dra stockéiert goufen. Dodrop koum ee mat 1.096 Glaspaneauë verkleeten Opbau, deem seng Daachform u Wellen, Seegelen oder e Kristall erënnere soll. Dëst, a seng Héicht vun 110 Meter, mécht d'Gebai zu enger Landmaark, déi aus der Silhouett vum Zentrum vun der Stad ervirstécht.

Et kënnt een iwwer zwou laanggezunne Rulltrapen (eng ass 82 Meter laang) an d'Gebai eran. Um 6. Stack, Plaza genannt, ass e grousse Foyer, mat engem Restaurant, Aussiichtstrerrassen, déi fir de Public opsinn, der Entrée vun engem Hotel, an den Zougäng fir zwéi Säll fir Kammermusek mat jee 550 Plazen, fir ee méi klenge mat 170 Plazen, sou wéi fir an de Grousse Sall. Dësen ass 25 Meter héich an huet Plaz fir 2.150 Spectateuren, woubäi den Orchester an der Mëtt ass, an d'Stullreien op verschiddenen Niveaue ronderëm. Déi ganz Mauere vum Sall si mat ronn enger Millioun fauschtgrousse gipse Plättercher verkleet, déi all eng individuell Form hunn, an déi de Schall optimal verdeele sollen. En huet och eng Uergel mat 65 Regëster, déi an der Wand verschafft ass.

Weider ginn et am Gebai nach 45 Privatwunnengen a 433 Parkplazen.

 Commons: Elbphilharmonie – Biller, Videoen oder Audiodateien