Element (Chimie)

Vu Wikipedia
Periodesystem vun de cheemeschen Elementer.

E cheemescht Element besteet aus Atomer mat der selwechter Zuel vu Protonen am Atomkär. Dës Zuel ass déi sougenannt Atomzuel (fr.: nombre atomique; de: Ordnungszahl), a gëtt mat Z notéiert.

D'Atomkäre vun engem bestëmmten Element kënnen eng verschidden Zuel vu Neutronen hunn. Dës 'Variante' vun engem bestëmmten Element ginn als Isotope bezeechent.

Bekannt Elementer sinn de Waasserstoff (Z=1), de Kuelestoff (6), de Stéckstoff (7), de Sauerstoff (8), an och d'Eisen (26), de Koffer (28), d'Sëlwer (47), d'Gold (79), asw.

D'Elementer gi mat Symboler bezeechent, mat deene s'am Periodesystem gefouert ginn.

An der fräier Natur gëtt et 94 Elementer. Weider Elementer, mat enger méi héijer Atomzuel goufe vum Mënsch mat Hëllef vun nukleare Reaktiounen (duerch Fusioun vu méi liichten Atomer) produzéiert. Bis elo (Stand 2012) goufen 118 Elementer festgestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi griichesch Philosophen Empedokles Thales, Anaximander, Anaximenses an den Heraklit hunn am 6. Joerhonnert v. Chr. de Begrëff "Element" definéiert als ee vun de véier Grondstoffer (Äerd, Waasser, Loft a Feier), aus deenen d'Welt besteet. Fir d'Alchimiste waren et méi wéi just 4 Elementer, si hunn och nach Schwiefel, Quecksëlwer, a Salz als Elementer ugesinn.

Eréischt de Joachim Jungius (1642) an de Robert Boyle (1661) hunn eng naturwëssenschaftlech Definitioun opgestallt déi op Experimenter baséiert huet.

Nom Lavoisier "sinn d'cheemesch Elementer Grondstoffer, déi mat cheemesche Methoden net weider zerluecht kënne ginn". De selwechte Wëssenschaftler huet 1789 eng éischt Tabell mat 21 Elementer opgestallt. De Jöns Jakob Berzelius huet 1811 d'Symboler agefouert mat deenen och nach haut d'Elementer bezeechent ginn. Den Dmitri Iwanowitsch Mendelejew huet 1869 säi Periodesystem vun den Elementer mat 63 Elementer presentéiert.

Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Elementer kennen no hiren Eegenschaften a verschidde Gruppen ënnerdeelt ginn:

  • Metaller (84 Elementer);
  • Netmetaller (20 Elementer);
  • Hallef-Metaller (7 Elementer);
  • Eedelgasen (6 Elementer).

Déi kënschtlech Elementer hu keng laang Liewenszäit an et ass dohier net sécher (duerch Experimenter bewisen) zu wat fir enger Grupp se gehéieren.