Elementkategorie
Eng Elementkategorie ass eng Grupp vu chemeschen Elementer, deenen hir elektresch Leetfäegkeet sech gläicht. D'Elementkategorië ginn a Metaller, Hallefmetaller an Netmetaller agedeelt. Se ginn deelweis nach zousätzlech no hire physikaleschen a chemeschen Eegenschaften ënnerdeelt, zum Beispill gi Metaller an Alkalimetaller, Äerdalkalimetaller, Äerdmetaller an Iwwergangsmetaller opgedeelt.
D'Entdeckung vun den Elementkategorië war den éischte Schrëtt, deen zur Entwécklung vum Periodesystem gefouert huet.
Verschidden ënnergeuerdent Elementkategorien entspriechen exakt enger Grupp vum Periodesystem, awer et gëtt och Elementer aus enger selwechter Grupp, déi net an der selwechter Kategorie sinn. Sou ass de Waasserstoff z. B. an der 1. Grupp, et ass awer keen Alkalimetall. De Bor gehéiert zu der 13. Grupp, awer net zu den (Äerd)metaller, mä zu den Hallefmetaller.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Elementkategorie – Biller, Videoen oder Audiodateien |