Op den Inhalt sprangen

eluxemburgensia.lu

Vu Wikipedia

eluxemburgensia.lu ass eng digital Plattform vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL), op där de gedréckte Patrimoine vu Lëtzebuerg online zougänglech gemaach gëtt.

Dozou gehéieren Zeitungen an Zäitschrëften, Monographien (Bicher), ma och Postkaarten, Manuskripter, Plakater, asw.

Déi eenzel Publikatioune kënnen an der Reegel am Volltext gelies an duerchsicht ginn; et kann een se no Stéchwuert, Auteur, Wierk, Datum, an Typologie duerchsichen.

D'Massendigitaliséierung vu Lëtzebuerger Publikatioune steet am Aklang mat der BnL hire gesetzleche Missiounen,[1] wourënner och d'Aufgab ass, den Zougang zu hire Sammlunge fir sou vill wéi méiglech Leit z'erméiglechen, och duerch d'Consultatioun op Distanz mat Hëllef vun de modernsten Datentransmissiounstechnologien. D'Massendigitaliséierung gehéiert och zu den Ziler vun der Europäescher Unioun, fir de kulturellen an intellektuelle Patrimoine vun Europa online zougänglech ze maachen.[2]

Enn 2024 gouf et op eLuxemburgensia 86 Zeitungs- an Zätschrëftentitelen, 520 Monographien, 17.421 eenzel historesch Postkaarten, 26 Manuskripter a 782 eenzel Affichen ze liesen oder ze kucken.[3] Bei den Zeitungen an Zäitschrëfte sinn dat iwwer 1,5 Milliounen eenzel Säiten.[4]

Zu de Zeitungen a Revuen, déi ee liesen an duerchsiche kann, zielen ë. a. d'Luxemburger Wort (disponibel vun 1848 bis 1980), d'Tageblatt (1913-1950), d'Lëtzebuerger Land (1950-2022), d'Revue (1945-2020) oder d'Luxemburger Zeitung (1868-1941).[5]

Nodeems eng Konventioun mat der Luxembourg Organization for Reproduction Rights (LuxORR) an dem European Union Intellectual Property Office (EUIPO) ofgeschloss gi war, wat Lizenzen an Auteursrechter betrëfft, huet d'BnL 2026 ugefaangen, och digitaliséiert Drocksaachen aus hirem lëtzebuergesche Fong zougänglech ze maachen, déi net am Handel ze kréie sinn, ma déi nach net am Domaine public sinn. Als éischt goufen iwwer 4.000 Titelen online gesat. Et dréit sech dobäi ëm Monographien, déi vergraff sinn, oder déi ni an den Handel koumen (Broschüren, asw.)[6].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Geännert Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d’Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat (Art. 9, 10 an 11)
  2. "Oft gestallte Froen - Woufir déngt d'Massendigitaliséierung?" bnl.public.lu (nogekuckt: 05.03.2026).
  3. BnL: Rapport d'activité 2024, Luxembourg, S.52.
  4. BnL: Rapport d'activité 2023, Luxembourg, S.34.
  5. Periodicals. eluxemburgensia.lu.
  6. E vergiessene Patrimoine lieft op: iwwer 4.000 Lëtzebuerger Bicher elo digitaliséiert. Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu. Communiqué vum 16.02.2026 op bnl.public.lu.