Elías García Martínez

Vu Wikipedia
Elías García Martínez
Gebuer 20. Juli 1858
Gestuerwen 1. August 1934
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Moler

Den Elías García Martínez, gebuer den 20. Juli 1858 zu Requena an der Provënz Valencia, a gestuerwen den 1. August 1934 zu Utiel, war e spuenesche Moler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem García Martínez seng kënschtleresch Carrière huet a sengem Gebuertsuert Requena ugefaangen. Hien huet op der Real Academia de Bellas Artes de San Carlos zu Valencia an zu Barcelona studéiert. Hien ass op Saragossa geplënnert, wou en d'Juliana Condoy Tello bestuet huet. Am Joer 1894 gouf en Assistenzprofesser un der Escuela Provincial de Bellas Artes de Zaragoza. Do huet en ornamentaalt Zeechnen a Portraitmolerei ënnerriicht bis zu senger Pensioun 1929. En huet och Coursen als Professer um Instituto de Segunda Enseñanza de Zaragoza ginn.

Ecce homo[änneren | Quelltext änneren]

Am August 2012 gouf ee Fresko vum Martínez, e Bild vum Christus, genannt Ecce homo, an der Santuario de Misericordia vu Borja bei Saragossa vun der achtzegjäreger Cecilia Giménez zerstéiert, wéi si probéiert hat d'Wierk, dat duerch d'Fiichtegkeet beschiedegt gi war, ze restauréieren. Doduerch gouf ee weltwäite Medienecho verursaacht.